Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weder FFYS, nach Capital Sounds

Festivalsaison 2016

Weder FFYS, nach Capital Sounds

D'läscht Joer war d'Enttäuschung grouss, wéi de Festival Food For Your Senses ofgesot ginn ass, well keen Terrain konnt fonnt ginn. A kuerzer Zäit gouf dunn Capital Sounds an de Rotonden op d'Been gestallt. 2016 mussen d'Museksfans op déi zwee Festivaller verzichten. De Luka Heindrichs vun der FFYS-Equipe erkläert firwat.

Christiane Kleer

auto_stories

3 min

Och dëst Joer gëtt kee "Food" organiséiert (©cedricletsch.com)

Och dëst Joer konnt net mat Zäiten e Site fir de Festival fonnt ginn, an trotzdem ass d'Situatioun en aner wéi d'läscht Joer: "Den Ënnerscheed ass, datt et och vun eiser Säit net geklappt huet fir déi néideg Aarbecht ze liwwere fir e Site ze fannen", seet de Luka Heindrichs, vun der asbl Food For Your Senses. 

Et wiere vill Leit op d'Organisateuren duerkomm, vum Kulturministère, an och vu Gemengen déi hätte wëllen e Site ubidden. Mee d'Equipe vu Benevolen hätt net genuch Zäit gehat, fir déi Proposen ze verschaffen. Professionell a perséinlech Contrainten hätten eng Roll gespillt. "T'ass zwar lo net sou gewiescht datt mer zéng Sitte proposéiert kruten, an datt mer eis ee konnten eraussichen, mee dat hu mer och ni erwaart", seet dozou de Luka Heindrichs. 

Grouss Contrainten

Fir dëst Joer de Festival nach ze organiséieren hätt scho laang missten eng Plaz fonnt sinn – an dozou wier et eben net komm. D'Equipe hätt awer och d'Decisioun geholl, fir sech elo exklusiv em d'Sich no engem Site ze këmmeren.

"Et ass ganz kloer ginn, datt den Open-Air Festival dat Allerhellegst fir eis ass. A sou laang et kee Site gëtt, gëtt et kee Food For Your Senses, a soulaang et kee Site gëtt, siche mer ee Site", sou de Luka Heindrichs. Dat ass och de Grond firwat kee Capital Sounds organiséiert gëtt: et wéilt een sou Projete lo "op Äis leeën" fir sech besser op d'Sich no engem Site fir de Food For Your Senses kënnen ze konzentréieren.

Wat d'Sich no engem Site sou schwéier mécht, sinn d'Viraussetzungen déi d'Plaz muss matbréngen: 

- Gréisst vun 8-10 Hektar

- Plaz fir de Festival, de Camping an de Parking

- Gutt ugebonnen un d'Stroossennetz

- net an enger Naturschutzzon leien

- Stroum a Waasseruschlëss

- no bei Hoteller oder Jugendherberge wou d'Kënschtler kënnen ënnerkommen

- Méiglechkeet op eng lokal Dynamik zeréckzegräifen (Veräiner, asw.)

Geografesch Contraintë gesäit ee bei FFYS awer net. Ufanks war de Festival jo zu Tënten organiséiert ginn, ier en dunn op Biissen geplënnert ass. 

Et ass en Aarbechtsgrupp bannent der Equipe opgestallt ginn, deen sech lo wäert verstäerkt ëm d'Sich këmmeren. An deem Kontext sollen och déi Gemenge kontaktéiert ginn, déi schonn Interessi gewisen haten. 

Wieder Proposë sinn awer ausdrécklech wëllkomm a kënnen op info@ffys.lu geschéckt ginn, wa méiglech mat Detailer iwwer d'Lag vum Site.  

Lauschtert d'Gespréich vum Carole Schimmer mam Luka Heindrichs: