Generator Wéi gesäit d'Liewe vun engem Schauspiller aus?

De Konstantin Rommelfangen ass Schauspiller zu Lëtzebuerg. Schauspiller ass e Beruff, vun deem vill Mënschen dreemen, virun allem, wa si jonk sinn. Mee wéi gesäit et a Wierklechkeet aus? Ass et wierklech esou schwéier dovunner ze liewen? Wou befënnt hie sech op der Skala tëschent Superstar an Aarmutsgrenz?

Lara Bousch / cz

Konstantin Rommelfangen
Foto: Simon Kiefer

Hien ass der Meenung, datt et net méiglech ass, fir als Schauspiller, mat enger klenger Pai zu Lëtzebuerg ze liewen. "Also wann ech do net meng Elteren hätt, bei deenen ech eben heiansdo wunne kéint da wär et op jidde Fall richteg schwéier. Zu Bern an zu Coburg hat ech nach e Projet, do krut ech eng Wunneng gestallt", sou de jonke Schauspiller.

Lëtzebuerger Schauspiller sinn dacks och am Ausland professionell ënnerwee. Als Mann hätt een et och méi einfach u Rollen zu kommen, well méi Rolle fir Männer geschriwwe ginn, och wann dat amgaang wier sech ze änneren.

Keng einfach Entscheedung

D'Schauspillen huet bei him fréi als Kand ugefaangen a sech duerch seng Jugend gezunn, mat verschidde Jugendtheater-Projeten. Bis dann no der Première déi grouss Fro koum:

"Lo sinn ech aus der Schoul, wat maachen ech? Ech hu jo am Fong guer näischt geléiert, ech hu vun Tuten a Blose keng Anung. Wéi bezilt een dann iwwerhaapt eng Rechnung? Soll ech net awer eppes Zolittes studéiere goen?"

Am Ganzen huet hien dräi Joer gebraucht, bis hie sech da getraut huet eng Dose Kéiere bei Schauspillschoule virzespillen. Dertëscht huet de Konstantin Rommelfange säi Bachelor a Geschicht gemaach a bei der Lëtzebuerger Produktioun Comeback matgespillt. Vun do stoung fir hie fest, daat hien op jiddwer Fall wëllt probéieren op eng Schauspillschoul ze kommen.

Ee Joer duerno gouf hien zu Bern ugeholl

An zanterhier féiert hien en éischter nomadesche Liewensstil. Op d'Fro op hien nach ëmmer nervös ass éier hien op d'Bün geet, äntwert hien:

"Ëmmer! Egal wat ech maachen, et ass einfach do an et ass net wéineg. Et muss ee seng eegen Aart a Weis fanne fir domadder ëmzegoen. Et muss een déi Kamera oder déi Bün oder d'Zuschauer esou gesi wéi e Safety Net. A wann een dat hikritt, da geet déi Opreegung iergendwéi fort. Ech si seelen no zwou Minutten, wou ech op der Bün sinn, nach opgereegt."

Anere Mënschen, déi vun dësem Beruff dreemen, réit de Konstantin Rommelfangen:

"Probéiert et! Et fënnt ee scho séier genuch eraus, ob dat eppes fir een ass."

Och wann de Schauspiller zur Zäit keng Opträg huet wéinst der Kris, gesäit hie relativ entspaant an zefridden aus. Hie gleeft virun allem un déi sëllegen Talenter, déi et an der Lëtzebuerger Kreativzeen ginn, a sou laang dës fonctionéieren, wäert een de Lëtzebuerger Schauspiller sécher nach dacks hei op der Bün oder um Ecran gesinn.

An der Mediathéik:

Generator / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

AW.jpg
Theater, Coronavirus a Responsabilitéit

D'Schauspillerin Anouk Wagener gouf ëmbesat, well si wéinst der Coronavirus-Pandemie net méi prouwe wëllt. Hir Ekipp prouft elo ouni si virun. D'Schauspillerin hält dat fir e Feeler.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen