Radioen

On air

Espresso Beats  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut

Patrimoine

Wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut

D'BNL krut eng aussergewéinlech privat Sammlung am Beräich vun der Heraldik, also der Wopekonscht, geschenkt. Ënner den Dausende Bänn vum verstuerwenen Dr. Jean-Claude Loutsch senger spezialiséierter Bibliothéik sinn 51 rar Manuskripter, déi deelweis aus der Zäit vu viru 1500 stamen.

auto_stories

3 min

Vun der Bedeitung hir ass et dee bis elo wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut, huet et op der Pressepresentatioun geheescht. Den Dr. Jean-Claude Loutsch, Aendokter mee och international unerkannten Heraldiker a passionéierte Genealogist, hat am Laf vun de Joren eng exzeptionell spezialiséiert Bibliothéik opbaut.

No sengem Doud am Joer 2002 hat seng Witfra Josannette Loutsch-Weydert de Projet, fir déi Kollektioun ganz der d'BNL z'iwwerdroen. De leschten Hierscht, also zwee Joerzéngte méi spéit, gouf deen Don definitiv aktéiert.

"La collection est exceptionnelle"

Vun den am Ganzen ongeféier 15.000 Bänn beschäftegen sech der 2.700 spezifesch mat der Wopekonscht oder och nach der Sigillographie, der Wëssenschaft vun de Sigelen. Ënnert de sëllegen Dokumenter gëtt et eng Jett al Impriméën, déi soss néierens erhale sinn.

De Clou vun der Sammlung, dat sinn dann 51 rar heraldesch Manuskripter. Do wou änlech wäertvoll Kollektiounen am Ausland duerch Ventë verspreet ginn, huet een et hei mat engem homogene Fong ze dinn, erkläert de Jean-Christophe Blanchard, Fuerscher op der Université de Lorraine:

"La collection est exceptionnelle. Il y a trois armoriaux du XVe siècle. J'ai regardé ce qui se passe à la Bibliothèque nationale de France: des armoriaux du même type, on en a moins de dix. Ici , il y en a trois qui arrivent. C'est juste pour qu'on se rende bien compte de l'intérêt déjà prodigieux de ces trois documents. Il y a sept manuscripts du XVIe siècle, 11 du XVIIe siècle, 14 du XVIIIe, aussi un du XIXe et un du XXe siècle. C'est la diversité aussi de ces manuscripts : outre les armoriaux, vous avez des traités de blasons, vous avez les libri amicorum qui sont remarquables."

"Eng intellektuell Leeschtung"

Dee Sall vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg, an deem ee wäertvoll al Dokumenter ka consultéieren, heescht neierdéngs "Salle Dr. Jean-Claude Loutsch". En Hommage un de Merite vum Lëtzebuerger Heraldiker, sou de BNL-Direkter Claude D. Conter:

"D'Kollektioun ass net nëmmen eng Usammlung vu Bicher, et ass eng intellektuell Leeschtung. Et ass d'Leeschtung vun engem Geléierten, deen se op eng bestëmmten Aart a Weis zesumme gestallt huet. Dowéinst ass et vir eis wichteg, d'Heraldik-Virstellung vum Dr. Jean-Claude Loutsch kënnen erauszeschaffen. Datt e vun Ufank u schonn, an de 60er-Ufanks 70er Joren, fir eng multidisziplinär Approche optéiert huet fir d'Heraldik ze beschreiwen. Hie signaléiert och, datt d'Konscht vun de Wopen net eppes ass vun de Privilégiéierten. Dat ass eent vun de Virurteeler, déi et haut vis-à-vis vun der Wopekonscht ëmmer nach ginn."

De Gros vum nationale Patrimoine läit a privaten Hänn, seet de BNL-Direkter. Dat d'Kontinuitéit an de Finanzement garantéieren. Staatlech Institutioune kéinten dogéint fir d'Konservatioun an d'Valorisatioun suergen. Den Don vum Dr. Jean-Claude Loutsch senger Privatbibliothéik un d'BNL dierft eng Signalwierkung hunn, sou d'Kulturministesch Sam Tanson:

"fir och ze weisen, wéi wichteg et ass, datt mer och déi Contributioune kréien, wéi wichteg et ass, datt d'Leit sech engagéieren, sou Kollektiounen opzebauen an déi dann och an den nationale Patrimoine iwwer ginn, wat jo och e schéint Perenniséieren ass vun deem Wierk."

Dem Dr. Jean-Claude Loutsch seng Sammlung kënnt elo an zwou Kollektioune vun der Nationalbibliothéik ënner: de Fonds des manuscrits an de Fonds des imprimés rares et précieux. Ganz vill vun deenen Dokumenter mussen nach wëssenschaftlech opgeschafft ginn. D'BNL plangt scho mol fir déi nächst Joren en internationale Colloque an eng grouss Ausstellung.