Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wilde Maus": Kultivéiert Problemer

Kino

"Wilde Maus": Kultivéiert Problemer

Dat Witz an der Tragedie fannen – dat ass zanter Joerzéngten ee fundamentalen Aspekt vum éisterräichesche Kabarettist Josef Hader senger Aarbecht. Dat gëlt och fir säi Regiedebut, deen op der Berlinale leeft.

auto_stories

4 min

"Wilde Maus" heescht dem Hader säi Regiedebut, ee Film fir deen hie gläichzäiteg och Dréibuchauteur an Haaptduersteller ass – an deen direkt an der Competitioun vun der Berlinale seng Weltpremière feiert.

Den Hader spillt doran d'Roll vum Georg Endl, ee souwuel gefeierte wei gehaasste Musekskritiker, deen aus Prinzip schéngt gäre schlecht Kritiken ze schreiwen. Trotz sengem bal kinnekleche Statut verléiert hien enges Dags seng Aarbecht. Senger Fra Johanna, gespillt vun der Pia Hierzegger, seet hien näischt. Mee d'Johanna ass souwisou méi domadder beschäftegt ze versichen e Kand ze kréien, an hier Clienten als Psychotherapeutin ze therapéieren.

D'Mëttelklass, sezéiert

De Georg sengersäits fänkt eng Zort Rachefeldzug géint säi Chef un. An dee Klengkrich gëtt mat all Absurditéit méi witzeg. Sou gëtt net nëmmen dem Virgesetzte säi Kabrio beschiedegt, mee grouss doudeg Fësch fannen hire Wee an de Schwammweier vum Chef. Gläichzäiteg frënnt de Georg sech mam Erich –brillant gespillt vum Georg Friedrich – un.

Mat him fänkt hien a senger neier Fräizäit un, eng marod Achterbahn, mam Numm "Wilde Maus", am Wiener Prater ze bedreiwen. An de Milieu, op deen hien do trëfft, kéint dem Georg net méi friem sinn. De Film sezéiert d’Mëttelklass an hir Themen op eng raffinéiert Aart a Weis, an zeechent en deelweis absurd Bild vun enger Klass, déi zwar weess, wéiee Fësch méi Bio ass, mee awer vun Politik, zum Beispill, zimlech deconnectéiert ass. De Joseph Hader, dee säi Film op Berlin virstelle komm ass, sot: "No an no ass mer eréischt bewosst ginn, datt dëse Film och eng Satir iwwer mäin eegene Milieu kéint ginn. An deem kennen ech mech jo och am Beschten aus".

Eng Bezéiung geet futti

Dem Georg Endl säi groussen Ego ass verletzt well hie säin Job verluer huet. Trotzdem bréngt hien et net fäerdeg, mat senger Fra doriwwer ze schwätzen. "Wilde Maus" weist an deem Sënn och, wat geschitt, wann een a Bezéiungen ophält ze kommunizéieren: se gi lues awer sécher futti. Sou fënnt och Johanna eraus, dass de Georg en Duebelliewe féiert, a geheit hien aus der gemeinsamer Wunneng eraus.

Wat tragesch kléngt, ass esou gekonnt an Zeen gesat, dass een aus dem Schmunzelen net méi erauskënnt. Dëst läit virun allem dorunner, dass d’Charakteren därmoossen emotional kannereg sinn. D’Johanna gëtt hire Patienten Tipps doriwwer, wéi si an hire Relatioune besser gewaltfräi kommunizéiere kennen, mee an hirer Bezéiung schéngt se genau sou iwwerfuerdert wéi all déi aner. D'Schauspillerin Pia Herzegger gesäit doran awer net onbedéngt ee Widdersproch. "Ech kennen elo net immens vill Therapeuten, mee all déi déi ech kennen, sinn all e bëssen eegesënneg".

"Mir léieren aus Erfahrungen"

D'Story vu "Wilde Maus" schaukelt sech da weider bis op eng herrlech Apotheose erop. Mee eng Fro stellt sech: gëtt et dann iwwerhaapt nach Hoffnung fir de Georg? Oder fir eis als mënschlech Spezies? Ganz am Josef Hader sengem Stil gesäit hien dat zwiespälteg a laacht: "Ech menge fir de Georg gëtt et méi Hoffnung wéi fir eis Spezies... Mee ech mengen aus Erfahrunge léiert een, an et gëtt ee besser. Op mannst gesinn ech dat bei mir. Et gëtt ee keen anere Mënsch, mee et ännert sech eppes". Fir eis Spezies gesäit hien iwwerdeems "schwaarz". Wann ee sech d'Weltgeschicht ukuckt, géif dat Gefill entstoen. "An et gesäit net sou aus wéi wann dëst Joerhonnert eng Ausnam wier", sou de Kabarettist.

D'Duerstellung vum Wiener Prater als eng Zort "Géigewelt" ass dem Josef Hader am Film besonnesch gutt gelongen ass. Mat hire Knuppautoen an haarder Musek ass ganz onpassend fir ee Mozartliebhaber wéi de Georg.

"Spass un de Gefiller"

Natierlech hätt de Georg och aner Aarbechtsméiglechkeeten. Hie kéint ee Buch schreiwen, oder sech eng aner Aarbecht ze sichen. Mee de Mëttelstand hätt eben de Problem, datt e seng Problemer ze vill eescht géif huelen, seet de Joseph Hader: "Mir kultivéieren eis Problemer". Dat Liewensgefill erënnert hien un déi grouss italienesch Mozartoperen – an de "Spaass un de Gefiller", seet hien. Och a sengem Film wieren d'Problemer zwar echt, mee gläichzäiteg och "selwer gemaach".

Als erfollegräiche Kabarettist, Schauspiller an Dréibuchauteur ass dem Josef Hader mat "Wilde Maus" en extraordinäre Regiedebut gelongen, bei dem ee mat engem Laachen um Gesiicht de Kinossall verléisst.