Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wonner, Geeschter, Hënn a blo Beem

Literaresch Rares

Wonner, Geeschter, Hënn a blo Beem

Am Roman vum Ben Okri verschmëlzt den haarden Alldag an engem nigerianesche Slum mat enger Welt vu Geeschter. E Geeschterkand decidéiert e Mënscheliewe laang ënnert de Liewegen ze verbréngen. De Lieser gëtt an eng magesch Geschicht entfouert, déi grad esou faszinant ass, wéi dem Ben Okri seng Sprooch.

auto_stories

4 min

"Die hungrige Strasse", eng nigerianesch Geschicht voll Wonner a Geeschter

"Am Anfang war der Fluss. Der Fluss wurde zu einer Straße, und die Straße verzweigte sich über die ganze Welt. Und da die Straße einst ein Fluss war, war sie immer hungrig. In jenem Land des Anfangs mischten sich die Geister unter die Ungeborenen. Wir konnten zahlreiche Formen annehmen. Viele von uns waren Vögel. Wir kannten keine Grenzen. Es wurde viel gefeiert, gespielt, geklagt. Wir feierten viel wegen der schönen Schrecken der Ewigkeit. Wir spielten viel, weil wir frei waren. Und wir klagten viel, weil immer unter uns jene waren, die gerade aus der Welt der Lebenden zurück gekehrt waren. Sie waren untröstlich über all die Liebe, die sie zurückgelassen, all das Leid, das sie nicht wieder gutgemacht. all das, was sie nicht verstanden, und über all das, was sie kaum zu lernen begonnen hatten, bevor sie in das Land des Ursprungs zurückgeholt worden waren."

Sou geet d'Geschicht vum Azaro, engem Bouf deen net wollt gebuer ginn un. An an esou enger faszinéierender Sprooch geet dëse Roman weider.

Den Azaro gëtt gebuer a muss déi aner Welt verloossen, an där hie glécklech war. An dëser Welt muss hie kucken eens ze ginn. Mee no an no gefält him d’Liewen ënnert de Liewegen. Och wann him esou munch Erliefnesser d’Liewen net einfach maachen.

Den Azaro lieft an engem Slum um Bord vun enger Stad am Nigeria. Seng Elteren hu just hien als Kand a si verzweiwele bal. Den Azaro kënnt vu Gebuert un ëmmer a Situatiounen, an deenen hie bal stierft. Datt dat ëmmer erëm d'Wierk vu Geeschter ass, déi den Azaro an hir Welt zeréck huele wëllen, wëssen si natierlech net.

D’Geeschter ruffe mol den Azaro iwwert d’Strooss, sou datt e bal iwwerrannt gëtt oder loossen Haiser brennen, an deenen sech den Azaro grad ophält. Mee hien ass zéi an iergert sech, sou datt d’Geeschter vun hirem Kinnek zréck gepaff ginn an de Bouf eng Zäitche mat Rou loossen.

E Kampf géint Ongerechtegkeeten

Mee d’Geeschter sinn net just um Azaro intresséiert, si setzen och zum Beispill nieft engem héije Police-Beamten. Den Azaro weess, datt et sech hei ëm Geeschter vu Mënschen handelt, déi zu Onrecht vun dësem Polizist ëmbruecht gi sinn. Hie begéint hinnen an de Bëscher an op de Weeër, an de Baren an op Fester. A senger hongereger Strooss ginn déi nämlech grad esou gefeiert, wéi et och zu Opstänn kënnt. D’Bewunner vum Slum wieren sech géint all déi Ongerechtegkeeten, déi hinne passéieren.

De Ben Okri beschreift an dësem Roman d’Liewen um Bord vun der Gesellschaft a sengem Heemechtsland, ouni ze lamentéieren, ouni ze uerteelen. An d’Geeschter sinn einfach selbstverständlech Elementer an dëser Welt, déi wuel ouni des magesch Gestalte just trist an erbäermlech wär.

All Saz, e Konschtwierk

U sech soll ee guer net iwwer dëst Buch schwätzen, well et keng Beschreiwung gëtt, déi dem Ben Okri senger ongewéinlecher Sprooch gerecht gëtt. Et ass eng Geschicht, an där de Lieser sech einfach vum Azaro mat der Hand huele léisst. Mat him entdeckt een e Land, dat voller Misär a grad esou voller Schéinheet, Léift, Faarwen a Gerécher ass, datt een ëmmer op e Neits iwwerrascht gëtt. Et fillt een sech wéi d’Alice am Wonnerland. All Saz ass e Konschtwierk, dat esou iwwerwältegend ass, datt ee bal vergësst ze ootmen an ee regelrecht an dës transzendental an awer esou realistesch Welt absorbéiert gëtt.

Wann een de Begrëff vum magesche Realismus begräife wëll, da muss een dëse Roman liesen, well en all Kritäre vun dëser Stilrichtung erfëllt. Eng Stilrichtung, an där virun allem latäinamerikanesch Schrëftsteller wéi de Gabriel Garcia Marquez, Alejo Carpentier a Carlos Fuentes doheem sinn. Just datt dem Okri seng Figuren nach eng Dimensioun méi lieweg, fantastesch an expressiv sinn.

All déi näischnotzeg, traureg, spëttesch an och heiansdo richteg béisaarteg Geeschter wierken esou authentesch, datt een net iwwert hir Existenz, mee héchstens iwwer hir Charakterzich staunt.

Et gëtt eng Koexistenz vu reellen a fiktive Figure geschaaft. An dës Kompositioun huet eng eege Wierklechkeet, déi net irritéiert, mee einfach selbstverständlech ass. A grad wéi déi latäinamerikanesch Auteuren, erzielt de Ben Okri net just eng fantastesch Geschicht, mee weist eng Gesellschaft mat all hire Suergen. De sozialen a politesche Problemer an de alldeegleche Kampf an deem et ëm d’Iwwerliewen an ëm Dignitéit geet.