Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou d'Fräsche fënnef Been hunn

Literatur

Wou d'Fräsche fënnef Been hunn

Eng mënscheschei Molerin, eng Post-Hippie-Gemeinschaft an onerklärlech Mutatiounen: "Irresistible blending" ass den Debutroman vun der Kanadierin Mary Carey, déi hei zu Lëtzebuerg lieft.

auto_stories

3 min

D'Eleanor, eng relativ erfollegräich Molerin vun Enn 20, lieft mat hirem Bouf Bradley an enger alternativer Wunngemeinschaft am US-Staat Vermont. Paradoxerweis lieft d'Fra gären zréckgezunn. Déi gebierteg New Yorkerin ass virum urbane Liewe geflücht an och an hirem neien Ëmfeld hält si hir Distanzen zu den anere Bewunner. Logescherweis gëtt dat mat enger gewësser Antipathie hir géintiwwer beäntwert.

Besonnesch der Eleanor hir obsessiv Beschäftegung mat der Konscht an hir verstéierend Tabloen, grad ewéi hir emotional Keelt virum Doud suerge fir Befriemen. Net ze schwätze vun hire spezielle Fäegkeeten: si ka Gedanke liesen, versteet friem Sproochen ouni se ze kennen, gëtt ni krank. Souguer hirem eegene Jong ass si net ganz kauscher.

Science-Fiction- a Fantasy-Elementer

''Irresistible blending'' (Black Fountain Press) ass den éischte Roman vun der Kanadierin Mary Carey, fréier Journalistin a Copy-writerin, déi zënter gutt 30 Joer hei zu Lëtzebuerg wunnt. Fir hiren Debut huet si sech eng Geschicht ausgeduecht, déi Science Fiction respektiv Fantasy-Elementer mat der Beschreiwung vun engem Post-Hippie Liewensprojet verbënnt.

E puer Grondtheemaen zéie sech duerch d'Buch: dat vun der Mutatioun gëtt am Ufank vum Roman duerch fënnef-beeneg Fräschen ageleet. An dann ass et d'Thema vun der Kontinuitéit: engersäits tëschent de Mënschen, wéi een se typescherweis an enger Commune erliewe kann; anerersäits dann och Kontinuitéit tëschent Mënsch an Natur, sou wéi dat an den esoteresch ugehauchte Kapitelen zum Ausdrock kënnt, an deenen d'Eleanor eleng spadséiert, wéi an engem Dram mat der Déieren- a Planzewelt schéngt ze verschmëlzen.

Kaum Spannung

De gréisste Problem vum Roman ass säin Opbau. D'Autorin bréngt et net fäerdeg, eng Spannung opzebauen, déi de Lieser bei der Staang géif halen. Spéitstens no den éischten 150 Säite vun am Ganzen 300 géif ee sech eng Steierung erwaarden. Déi kënnt awer net wierklech, ausser datt sporadesch suspekt oder bizar Saache geschéien.

Op der Molerin hir Obsessioun fir Faarf a Luucht gëtt permanent insistéiert mee déi Iddi gëtt kaum entwéckelt. Deen een oder anere Personnage geréit aus verschidde Grënn ënner Verdacht: de Guru vun der Wunngemeinschaft wéinst senger Hypokrisie ; dräi méi rezent Membere wéinst wat och ëmmer - iergendwa gëtt een et gewuer an et ass engem dann och egal. U sech net weider schlëmm, wann dës dräi Personnagen oder dat wat se representéieren net den Haaptsujet vum Buch wier.

Falls dat dann de Clou vum Roman soll sinn. Am leschte Véierel brécht nämlech e laangen Dialog tëschent der Eleanor hirer räicher Mamm an engem Konschthändler de Rhythmus vun der Erzielung, déi sech an engem Duechter-Mamm-Konflikt schéngt ze verléieren. De Schluss, dee wuel fulminant sollt eriwwer kommen, ass, wéinst dem inexistente Spannungsbou, fir d'Galerie.

''Irresistible blending'' ass e konfusen, ni wierklech interessanten, langweilegen a plazeweis ridicule Roman, deen héchstens d'Amateure vu Clichéen iwwer verréckt Kënschtler a post-Hippie-Gemeinschaften, déi aus dem Rudder lafen, dierft interesséieren. Dat ass alles mee net ''irresistible''.