Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou ginn Elteren nuets hin?

Kappkino

Wou ginn Elteren nuets hin?

Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vun der Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.

auto_stories

1 min

"Ech gesi wéi meng Mamm d'viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet ...

An dann - dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt - héieren ech, wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréit."

Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch déi eng Nuecht, déi, wou d'Eltere fortginn. Sidd ganz Ouer, lauschtert d'Geschicht, verfollegt déi sensibel Inzenéierung, déi virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelungenen, kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.

Dëst ass eng Produktioun vun Openscreen a Co-produzéiert vun Op der Schmelz a CNA.

Lauschterenplay_arrow