Radioen

On air

Notturno  |  Helena Deland - Claudion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zbigniew Mentzel - Alle Sprachen dieser Welt

Buchtipp

Zbigniew Mentzel - Alle Sprachen dieser Welt

Een Dag am Liewen vum Zbigniew Hintz fänkt mam Erwächen no engem Cauchemar un. Een Dag, un deem hie sech u seng Vergaangenheet erënnert, u seng Kandheet, seng Elteren an un all dat villt Laanschtenee-Schwätzen. "Alle Sprachen dieser Welt" vum polneschen Auteur Zbigniew Mentzel ass dem Valerija Berdi säi Buchtipp fir de Summer.

auto_stories

4 min

Alle Sprachen dieser Welt - an den aarme Protagonist vun dëser skurriller Geschicht ka sech mol net richteg a senger eegener Mammesprooch ausdrécken, an dat obwuel hie Philologie studéiert huet. Hie setzt a senger klenger Wunneng, déi hie sech awer just leeschte kann, well seng Mamm dem Bopa seng wäertvoll Auer verkaaft huet. Si hat es nämlech och genuch en erwuessene Phlegmatiker an den eegene véier Wänn ze erdroen. Woubäi déi eege véier Wänn net déi eege sinn, an den Dram vum Besserem sech ni realiséiert.

"Lange Zeit hielt mich meine Mutter für ein wohlgeratenes Kind, sie war sogar überzeugt, dass ich es als einziges Mitglied unserer Familie zu etwas bringen und Karriere machen würde, richtige Karriere - zunächst national, dann international. Ich würde die ganze Welt erobern, ins Ausland gehen, dort eine Familie gründen, eine Wohnung kaufen oder gar ein Haus, meiner Mutter immer Pakete schicken, und sie nach Wien einladen oder Paris."

Wann hien net grad op der Bourse spekuléiert, dann denkt den Zbigniew Hintz iwwer d'Sprooch no an erënnert sech u seng Vergaangenheet.

Fragmenter aus der Kandheet a Jugend a sengem Elterenhaus ginn him duerch de Kapp, Situatiounen aus dem Alldag, déi am Fong geholl op den éischte Bléck banal klengen an eréischt wann een den Titel vun den eenzele Kapitelen am Hannerkapp huet, en erfrëschend Zesummespill ervirbréngen. De ganze Roman spillt sech an engem Dag of, grad wéi dem James Joyce säin "Ulysses". Just wéi de Leopold Bloom duerch Dublin spadséiert, läit de 46-järegen Zbigniew am Bett an zielt d'Minutten, déi hien nach zegutt huet, éier hien de Rendez-vous mat sengem Papp muss wouer huelen.

Onfäeg seng Sprooch ze gebrauchen

An do si mir scho beim nächste bekannte Protagonist aus der Weltliteratur, dem Gonschtarow sengem Oblomov. Gläich dem Oblomov, deen net aus dem Bett kënnt fir seng Pläng a Projeten ze realiséieren, ass eise Protagonist hei onfäeg seng Sprooch ze gebrauche fir eppes ze erreechen.

Souguer nodeems hien e Visum kritt huet fir dräi Méint an England um Bau schwaarz ze schaffen, do eng Amerikanerin kennegeléiert huet a seng Engleschkenntnisser sech entwéckelt hunn, ass et d'Sprooch, déi hie versoe léisst:

"Die Amerikanerin schaute irritiert; sie konnte nicht mitverfolgen, worum es ging. Sie griff nach meiner Hand, schaute mir in die Augen und sagte: "Speak to ME..." bat sie mit Nachdruck.

"What? What about...?" stotterte ich.

"About you, about your country. Your job. Your life. Who are you?!" fragte sie atemlos.

"Tja, sprich mit ihr! ", meinte die Polin. "Du kommst doch klar auf Englisch, du kannst dich verständigen, sagtest du. Dann wirst du doch sagen können, wer du bist und was du machst. Merkst du nicht, dass du ihr gefällst? Ich verstehe bloß nicht, was sie an dir findet...", sagte sie spitz.

Die Amerikanerin hielt immer noch meine Hand.

"Speak to me, please!", bat sie noch einmal.

Die Armee englischer Worte, die in meinem Kopf stationniert war, trat plötzlich den Rückzug an. Die Polin hatte Recht. Ich merkte, wie ich unterging. Ich schwieg."

D'Sprooch vu der Zukunft ass den eenzege Gedanken, deen hien iwwerhaapt un d'Zukunft verschwent, mee hei soll a brauch ee sech keng Erwaardungen un theoretesch Analysen ze stellen. Et sinn d'Anekdoten u sech, déi eben d'Bedeitung vun der Sprooch bewosst maachen: Och wann dës Famill u sech jo eng Sprooch schwätzt, sou existéiert keng Kommunikatioun, déi gesote Wierder beweegen näischt, änneren näischt, beréiere keen ausser deen, dee se ausschwätzt.

Charaktere sinn an eegener Welt gefaangen

Jiddwereen ass a senger eegener Welt, a sengen onerfëllten Dreem an individuelle Virstellunge gefaangen a keen ass bereet sech den aneren opzemaachen, nozelauschteren a sech selwer a Fro ze stellen.

Eng verbattert Mamm, déi all hir Hoffnungen an de Fils setzt, de Fils, dee vun all dësen Erwaardungen iwwerfuerdert ass, an e Papp, de flichtbewosste Bierger, deen net een eenzegen Dag op der Aarbecht gefeelt huet a sech sengem Schicksal erginn huet.

Intim Momenter komme just op wann d'Mamm mol franséisch schwätzt. Obwuel de Zbigniew dës Sprooch u sech net versteet, sinn dat paradoxerweis déi eenzeg Momenter, wou hien den Androck huet, dat Onverständlecht ze begräifen.

Eng al Schreifmaschinn, de Charles Baudelaire a gehaasste Locatairë sinn iergendwéi d'Essenz vum Liewe vun der Famill Hintz.

De verluerenen Intellektuellen, zéng Joer nom Sozialismus gëtt hei ganz subtil gezeechent. Dem Vertrieder vun der postkommunistescher Intellligenzija kënnt dann och ganz um Enn déi grouss Erkenntnis - natierlech am Schlof.

Den Auteur Zbigniew Mentzel huet an der Zäit Chroniken iwwer d'Kulturliewen a Polen geschriwwen - wat esou muenches vun dësem Roman erkläert.