Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Mozart - Sonat fir Piano a Sol Majeur, Op. 10, IV. Rondo Allegretto - Anna Liszewska (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltbekannte Piano-Jazz

Ramsey Lewis - Tambura

Weltbekannte Piano-Jazz

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen. De Lewis huet iwwer 80 Albumen opgeholl, fënnef Goldplacke an dräi Grammy Awards a senger Karriär. Dem Lewis säin éischten Duerchbroch war mat senger poppeger instrumentaler Interpretatioun vum Lidd "The In Crowd" vun 1965. Mat där Single war hien ee vun den erfollegräichsten Jazzpianiste vun den USA.

No senge klasseschen akusteschen Albumen an den 1960er Jore mam Ramsey Lewis Trio, bei deem och de Maurice White zäitweis derbäi war, wollt de Lewis an de 1970er an eng nei musikalesch Richtung goen. Mëtt vun de 70er huet hie sech nees mam Maurice White zesummegedoen, deen deemools mat senger eegener Band Earth, Wind & Fire ënnerwee war. Fir den Album "Sun Goddess" spille Membere vun Earth, Wind & Fire d'Musek, wärend de Philip Bailey Gesang bäigefüügt huet. Den Album gouf e grousse Crossover Hit, deen et op Plaz 1 vun de Billboard R&B an Jazz Album Charts gepackt huet. A mam Lidd "Sun Goddess" huet hien et souguer an d'R&B-, Pop- an Disco-Charts gepackt. "Sun Goddess" gouf kuerz drop Gold zertifiéiert. Jorelaang war d'Identitéit vun der Fra um Albumcover, fotograféiert vum Herb Breuer, e Rätsel bei de Fans, well et kee Kredit um Albumcover gouf. De Lewis huet op senger Facebook-Säit am Juni 2011 verroden, datt et de Model Susan Leigh Scott war.

Eng gutt Dose mol gesampelt

D'Lidd "Tambura" gouf eng gutt Dose Mol am Hip-Hop gesampelt, ënner anerem vum mëttlerweil weltbekannte Produzent El-P vun der Grupp Run The Jewels. Fréier hat de gudde Mann eng Grupp, déi Company Flow geheescht huet, a si waren an den 90er Leader fir alles, wat underground Hip-Hop zu New York ugeet. Si haten e puer Hits um Label Rawkus, zum Beispill "Patriotism" oder "End To End Burners". Company Flow huet 1999 och een Instrumentalen Album erausbruecht, deen huet "Little Johnny From the Hospitul" geheescht. Do war d'Lidd "Linoleum" drop, dat dem Lewis säin "Tambura" sampelt.

Mr. Complex hat och ëm déi Zäit ee méi klengen Hit am Underground mat sengem minimalistesche "Visualize" op sengem Album "The Complex Catalog" am Joer 2000.

E lescht Beispill ass den Ex-Beatboxer vu The Roots, de Rahzel. Hie benotzt och déi éischt Nout vum Lewis sengem Lidd fir säin "Bubblin, Bubblin" doraus ze maachen. Dat war op sengem Album "Make the Music 2000" vum Joer 1999.