Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Reconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Uergel ass erwächt

Kathedral

D'Uergel ass erwächt

Wéi d'Uergel an der Kathedral wéinst technesche Problemer net méi gaangen ass, wier dat e ganz ellene Knacks gewiescht, sot den Doumorganist Paul Breisch 2020 am 100,7-Interview. Elo, iwwer zwee Joer méi spéit - nodeems d'Instrument ofmontéiert, renovéiert, gebotzt, nei zesummegebaut an intonéiert gouf - ass d'Uergel nees am Asaz. De radio 100,7 huet dëse Chantier vu senger Konzeptioun bis bei d'Inauguratioun suivéiert.

auto_stories

5 min

D'Uergel virun der Renovatioun. Foto: Luc Boentges

"Uergel, hellegt Instrument, erwäch..."

No dëse Wieder war déi grouss sinfonesch Uergel an der Kathedral fir déi éischte Kéier zanter iwwer zwee Joer nees ze héieren. No der feierlecher Uergelwei e Samschdeg, 26. November 2022 mam Cardinol Jean-Claude Hollerich, huet den Titularorganist vun der Notre-Dame de Paris, den Olivier Latry, sämtlech Facette vum Instrument bei engem éischte Récital um renovéierten Instrument gewisen. Den Dag drop war d'Uergel du fir déi éischte Kéier mat engem Orchester ze héieren.

De Luc Boentges war op der Plaz an verzielt dem Marie Schockmel vu sengen Andréck.

Lauschterenplay_arrow


Et quiitscht, et tuut an et krazt... nach...

An enger Kierch ass et gréisstendeels roueg. An och wann et tatsächlech schonn emol zimmlech haart ka ginn, héiert een d'Leit Abseits de Massen dacks just pësperen. Abee, tëschent Juli an November 2022 hat Pësperen an der Kathedral zu Lëtzebuerg net vill Sënn. Huet een et dach probéiert, war de Risiko grouss, datt dee géintiwwer een net versteet. De Grond houng mat der Uergel zesummen: An deene Méint gouf d'Instrument nämlech intonéiert.

Lauschterenplay_arrow


"Iwwer d'Joerzéngten sammelt sech zimmlech vill Dreck [an de Päifen]. Ech muss gestoen, esou vill Dreck hunn ech tatsächlech nach net gesinn" - Marie Willatschek, Uergelbauerin

Wärend déi méi kleng Päifen alleguerten an der Fabrick vun der Firma Rieger restauréiert goufen, sinn déi grouss Päifen an der Kathedral bliwwen. Ronn annerhalleft Joer nodeems d'Uergel ofgebaut gouf, hunn dräi Uergelbauer déi iwwer 1.000 Päifen an der Kathedral gebotzt an prett fir hiren Asaz gemaach. Am Enneschëff vun der Kathedral krut een dëse Chantier besonnesch iwwer seng Geräischer mat. Et gouf gehummert, geseet a mat engem Kompresser geschafft.

Lauschterenplay_arrow


Foto: Maurice Barnich

"D'Statik huet misse kontrolléiert ginn, fir ze kucken, ob de Plaffong [...] déi Chargen iwwerhaapt kéint ophuelen." - Ben Moes, Architekt

Déi grouss Uergel an der Kathedral gëtt net nëmme renovéiert, mee och ausgebaut. Well net gewosst war, ob den Duxall dat neit Gewiicht iwwerhaapt dréit, huet d'Statik mat Buerunge misse kontrolléiert ginn. Gläichzäiteg gouf dovu profitéiert den Duxall selwer ze renovéieren. En nei Buedem an en neien Ustrach stoungen um Aarbechtsplang, wéi de Luc Boentges d'Architekte vun der Stad Lëtzebuerg Ben Moes an Axel Schneidenbach am Dezember 2020 um Chantier besicht huet.

Lauschterenplay_arrow


"Jiddwereen muss eigentlech mat upaken, ganz kloer. Grad bei deene ganz grousse [Päifen] si mir op dräi verschiddenen Etagen verdeelt, ënnen hiewen der dräi, uewen zéien der zwee." - Franz Roth, Uergelbauer

Am Juli 2020 gouf deen éischte grousse Chantier lancéiert: D'Uergel gouf ofmontéiert. Niewent enger ganzer Rei Stëbs ware virun allem déi grouss Päifen eng Erausfuerderung. Virun allem op d'Päifen am Prospekt, déi déi ee vu bausse gesäit, huet misse besonnesch Uecht gi ginn.

Lauschterenplay_arrow


"Et ass eng Uergel, déi mat der Kathedral - oder besser gesot - der Porkierch mat gewuess ass. Si stoung schonn hei am Raum um hënneschten Duxall, éier dat ganzt iwwerhaapt emol zur Kathedral ginn ass."

Déi grouss Uergel an der Kathedral ass op zwou Manéieren historesch. Engersäits well en Deel vum Material wäit iwwer 100 Joer huet, anerersäits duerch hir Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Prënzenhochzäiten, den Te Deum vun der Liberatioun an d'Begriefnes vum Grand-Duc Jean: All dës Evenementer huet d'Uergel mat gestalt. Am Juli 2020 huet de Luc Boentges zesumme mam Doumorganist Paul Breisch e Bléck op d'Geschicht vum Instrument geworf.

Lauschterenplay_arrow


"Wéi [d'Uergel] deen Dag op eng Kéier bis guer net méi gaangen ass, dat war schonn e ganz ellene Knacks ginn, muss ech soen" - Paul Breisch, Doumorganist

E puer Wochen ier d'Aarbechten um der grousser Uergel an der Kathedral ugefaangen hunn, huet d'Instrument de Geescht opginn. Et war den trauregen Déifpunkt vum Instrument sengem Zoustand, deen zanter enger ganzer Rei Joren duerch akut a chronesch Problemer markéiert war. Am Juni 2020 huet sech de Luc Boentges mam Doumorganist Paul Breisch getraff, fir méi iwwer dësen Zoustand an déi geplangten Aarbechte gewuer ze ginn.

Lauschterenplay_arrow