United Instruments of Lucilin 33,7 Stonnen Nei Musek...

Fir esou e Projet ze realiséieren misst ee "gebass", vläicht och e bësse verréckt sinn, seet d'Braatschistin Danielle Hennicot. Nächste Weekend, de 17. an 18. September proposéiert den Ensembel United Instruments of Lucilin e Festival an der Kulturfabrick zu Esch, bei deem 2022 Minutten - ëmgerechent 33,7 Stonne - Musek um Programm stinn. Dëse Projet am Kader vun Esch2022 kann een zum Deel och um radio 100,7 suivéieren. Den Nuetsprogramm ass nämlech vun dräi bis siwen Auer op eiser Antenn ze héieren.

Luc Boentges

Martin an Hennicot
Florence Martin an Danielle Hennicot vu Lucilin

Virun dräi Méint hätt déi intensiv Phas vun der Virbereedung ugefaangen, seet d'Danielle Hennicot. Niewent dem raussiche vun de Stécker hätt och d'Astudéiere vun de Partituren e groussen Opwand bedeit. Eng vun den Iddien hanner dësem Gratis-Festival wier et, déi ganz Diversitéit vun der Neier Musek duerzestellen, seet d'Florence Martin, d'Co-Directrice vum Ensembel.

"Et ass esou, wéi mer et dachs am Laf vun enger ganzer Saison maachen, just hei eben an engem Weekend."

Diversitéit am Mëttelpunkt

Dës Diversitéit a Form vu kuerzen Opféierungen, Concerten, Instalatiounen, engem Baal a Filmer soll dem Publikum en Zougang zu der neier Musek schafen. Deementspriechend gëtt vun den Nolauschter:innen och net erwaart, datt si déi ganz 33,7 Stonne bleiwen. Dozou d'Danielle Hennicot:

"Et soll ee kommen a sech dovun e Bild maachen. Et kann een era kommen a probéieren."

Fir d'Zesummestellung vum Programm huet sech Lucilin un der Populatioun vu Regioun ronderëm Esch orientéiert. Dofir huet den Ensembel d'Statistiken ënnersicht a gekuckt, wéi dës Populatioun zesummegestallt ass. D'Prozentzuele vun den Nationalitéiten, der Geschlechterverdeelung an dem Alter huet den Ensembel dunn a Minutten ëmgerechent an ass uschléissend op d'Sich no Stécker vu passende Komponist:inne gaangen."Esou maache mer wierklech eng Cartographie vun der Populatioun, a mer hoffen, datt jiddwereen e Stéck vu sech selwer doran erëmfënnt", seet d'Florence Martin.

Lauschtert dee ganzen Interview hei


E Bléck hanner d'Kulissen

Am Carré zu Holleresch, dem Sëtz vu Lucilin

33,7 Minutte Musek um Stéck bedeiten Méint un Aarbecht. Fir en Androck dovun ze kréien, wat alles hannert esou engem Projet stécht, hat de Luc Boentges e Rendez-vous mam Ensembel Lucilin am Carré zu Holleresch, dem aktuelle Sëtz vu Lucilin.

Lauschteren

Méi zum Thema

Lëtzebuergesch Kläng am Stephansdoum
Maîtrise Sainte-Cécile

E Sonndeg (11.09) séngt d'Maîtrise net wéi gewinnt an der Kathedral, mee am Stephansdoum zu Wien. Déi Lëtzebuerger Sänger:innen encadréieren d'Mass mat enger Kompositioun vum Laurent Menager.

Benjamin Kruithof - Enescu-Concours 2022.jpg
Georges-Enescu-Concours zu Bukarest

Gëschter Owend (8.9.2022) war d'Finale vum Cellosconcours beim internationale Georges-Enescu-Concours zu Bukarest. Dräi Museker stoungen an der Finale. Um Enn setzt sech de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof duerch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen