The Last Barrel Aircheck-Session vun Heavy Petrol

E Samschdeg, den 12. Dezember, spillt déi Lëtzebuerger Blues Band Heavy Petrol an der Kulturfabrik. Ouni Publikum, duerfir geet de Concert hei um radio 100,7 live um 17.00 iwwert d'Antenn. E Gespréich mam Gittarist Steve Richer.

Jamie Reinert / cbi

Aircheck Session - Heavy Patrol

2020 huet ville Lëtzebuerger Museker e Stréch duerch d'Rechnung gezunn. D'Blues Band "Heavy Petrol" hätt sollen am Mäerz d'Album-Release vun "The Last Barrel" an der Kulturfabrik feieren. Déi huet leider missen ofgesot ginn. Dëse Samschdeg ass et dann esouwäit: Heavy Petrol wäerten et endlech op d'Bün vun der Kulturfabrik fir eng Aircheck-Session packen.

Jamie Reinert: "The Last Barrel" hat dëst Joer eng schwéier Gebuert. Wéi ass d'Energie fir de Concert dëse Samschdeg? Nach esou frësch wéi fir déi ursprénglech Release am Mäerz?

Steve Richer: Vu datt mer eis elo bal e Mount net méi gesinn hu war d'Freed ganz grouss, fir iwwerhaapt emol erëm kënnen eppes ze maachen. Eis Release gouf dëst Joer schonn dräi Mol ofgesot. Duerfir freeë mer eis awer elo kënnen Enn des Joers eppes fir den Album op d'Been ze setzen.

Äre Frontman, de Woody Lunari, ass fir seng intensive Performancë bekannt. Wat erwaart hie sech e Samschdeg, wou dann eben kee Publikum present ass, mat deem e kann interagéieren?

Een, deen de Woody kennt, mat ëm geprouft huet, weess, datt en esouguer an de Prouwen nom zweete Lidd plätschnaass geschweesst ass. Ech maache mir guer kee Kapp fir e Samschdeg, wat de Woody ubelaangt.

Op ärem neien Album "The Last Barrel" sinn dann och vill Geschichten aus dem Woody sengem Liewen drop.

Jo, de Woody huet vill Saachen aus sengem Liewen um Album verschafft. Wou e Stroossemuseker war, wou e selwer op der Strooss gewunnt huet, Kolleege verluer huet. Et geet duerch d'Liewen. Et ass e relativ perséinlechen Album, wat de Woody ubelaangt.

"The Last Barrel" passt jo elo gutt an déi Enn-vum-Joer-Stëmmung. Wat kann ee sech fir 2021 vun Heavy Petrol erwaarden?

Wärend dem Confinement hu mer ganz vill nei Stécker geschriwwen. Leidergottes hate mer als Band nach net richteg Zäit, fir dat zesummen an enger Prouf ze testen. Mir wäerten un neie Saache schaffen an hoffen, datt mer d'nächst Joer déi Concerte kënnen nohuelen, déi mer dëst Joer net konnte spillen.


"Heavy Petrol" spillen dëse Samschdeg den 12. Dezember eng Aircheck Session an der Kulturfabrik. De Concert gëtt live tëscht 17.00 an 18.00 hei um Radio 100,7 diffuséiert.

Lauschtert de ganzen Interview:

An der Mediathéik:

Backstage / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Schlofzëmmerbléck elo op Vinyl
Lëtzebuerger Musek

Am Lockdown hate 13 Musekerinnen a Museker Lidder fir de radio 100,7 geschriwwen an opgeholl. Elo ass de Schlofzëmmerbléck als Vinyl ze kréien.

Aircheck Session vun Tuys
Concert

Fir trotz der Pandemie Concerte kënnen ze genéissen, huet de radio 100,7 zesumme mat der Kufa d'Aircheck Sessions an d'Liewe geruff. Den éischte Concert kënnt vun Tuys. Lauschtert hiren Optrëtt hei nach eng Kéier.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen