Radioen

On air

De Weekend  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Aoife Nessa Frances - Protector

Folk, mee net nëmmen

Album vun der Woch: Aoife Nessa Frances - Protector

Do, wou der Aoife Nessa Frances hir Debutplack 2020 eng folkeg Affär war - üppeg gefëllt mat akustesche Gittaren, fréisummerleche Perkussioun, Mellotron an anere Séissegkeeten - kënnt déi nei bestëmmt mat Rockbatterie a Bléiser dohier. Mee d'Akkord-Wiessele sinn nach ëmmer esou muusseg a faarweg, wéi vun hir gewinnt, och wann elo Pianoen a Synthien an der Begleedung eng méi prominent Roll iwwerhuelen.

auto_stories

3 min

Déi zwou Placken ze vergläiche läit op der Hand, mee d'Singer-Songwriterin vun Dublin ass bei wäitem net jiddwerengem ee Begrëff. Si kënnt aus enger vun deene vibréiertsten Zeene vun der Rockmusek haut, där vun Dublin, wou si fir hir éischt Plack geplënnert ass.

Déi zweet Plack beschreift déi entgéintgesate Beweegung: zeréck op déi iresch Westküst, wou hir Famill lieft.

Ee Spill mat der Zäit

D'Aoife Nessa Frances huet hir Karriär 2013 als eng Hallschent vum Shoegazing-Duo "Princess" ugefaangen, an et héiert een an hirer Musek nach een eenzegt, mee dat wichtegst Element vun dëser Musek erëm: dat gekonnt Spill mat der Zäit a mat de Widderhuelungen.

Näischt ass hei just Struktur, d'Erzielung gëtt engem Zäit, d'Musek och wierken ze loossen, ëmmer grad laang genuch.

De Fokus läit dobäi emol guer net esou op der Aoife hirer Stëmm, mee an deenen éiweg schwankende Stëmmungen, deene se nogeet, an déi se mat hire Melodien an d'Liewe rifft. D'Instrumentatiounen an d'Rhythme setzen dobäi couragéiert Touchen.

D'Songs op "Protector" sinn an enger Auszäit beim Mier entstanen, an enger rauer Landschaft, déi net zum dekoréieren encouragéiert. De Folk vun hirer viregter Produktioun schéngt fir d'éischt a voller Kraaft duerch, wa mir bei de sechs Plagë vum Album ukommen.

"Back To Earth" heescht e Song, deen un d'Stärennuechte beim Atlantik denkt, mee och ënner Welten eropkomme léisst, déi vill méi duuss si wéi dat kaalt, wëllt Waasser.

D'Presenz vu Famill a vu Schutz, déi villäicht der Plack hiren Numm gëtt, ëmspillt ee mat dëser Musek. Wéi vill Leit an de spéiden Zwanzeger, déi hir jugendlech Rebellioun ofleenen, beschreift d'Frances eng Verstäerkung vu familiäre Bezéiungen. Si hätt d'Fäegkeet entwéckelt, sech selwer an hir Choixen an enger erweiderter Welt ze gesinn, esou d'Musekerin.

Eng entspanend a spannend Ecoute

D'Rees no Bannen, déi vun engem bal grenzelose Bausse befeiert gëtt, ass awer méi eng grouss Stäerkt vun dëser Plack nach, wéi hir Familiaritéit. A wann de Beschreiwungstext bei der Band hirem Label Monorail Music vu pastorale Landschafte schwätzt, da wier ech anerer Meenung.

D'Aoife Nessa Frances ass hei vill méi dynamesch ënnerwee, wéi dat Adjektiv géif noleeën. Eng entspanend Ecoute ass dëst mat Sécherheet, mee gläichzäiteg eng spannend, eng Plack wéi ee ënnerlecht Theaterstéck mat Niwwelmaschinn.

Soft Lines, den zweetleschten Titel ob dëser net allze laanger, mee pertinent ootmender Plack ass en triumphalen Highlight vum Album, trotz sengem luesen Tempo. Déi laang instrumental Plagë wéckelen an a bezeien d'Qualitéit vun de Museker, an dësem de Brendan Jenkinson, deen och produzéiert, an de Batteur Brendan Doherty, deen transparent a mat minimalen Akzenter spillt.

Derbäi komme Straicher an Harfenarrangementer op Plazen, mee och absolut ëmwerfend Synthesizerpassagen, déi vun der Frances selwer, genee wéi d'Pianoe bäigesteiert ginn.

Konklusioun: ee jonkt Talent an engem rouege, mee bestëmmten Toun, an ee Lauschterpleséier fir déi méi roueg Momenter.

Och ee klenge psycheedelesche Versand kann een der Plack net ofstreiden.