Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - On Dit Que l'Argent Parle Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Déif ënne bei de Champignonen

Björk - Fossora

Album vun der Woch: Déif ënne bei de Champignonen

Déi islännesch Popgréisst Björk mellt sech no fënnef Joer mat "Fossora" zeréck a presentéiert en Album, dee sech tëschent orchestréierte Sträichinstrumenter a knallhaarde Beats beweegt.

auto_stories

2 min

Et ass e Retour mat uerdentlech Rumms dohannert. Eigentlech huet een d'Björk zanter hirer brachialer Protesthym "Declare Independence" aus dem Joer 2007 net méi sou haart an dissonant héieren.

Ursprong vum Album a privaten DJ-Owender

Den neien Album "Fossora" ass am Lockdown entstanen, deen d'Björk an hirer islännescher Heemecht verbruecht huet. An hei huet si hier Wunneng quasi an e ganz exklusiven Nuetsclub verwandelt a fir e klenge Frëndeskrees reegelméisseg DJ-Owender organiséiert, bei deene si dann meeschtens iergendwann beim Gabber ukomm ass - enger Zort Hardcore Techno.

Et war eng vun den Inspiratioune fir dësen Album an effektiv ass d'Björk bei der Sich no musikaleschen Partner fir dësen Disk beim indonesesche Produzentenduo Gabber Modus Operandi gelant. "Fossora" schléit definitiv eng méi haart an club-orientéiert Richtung an ewéi seng Virgänger.

Gewëss Stécker ewéi den Titeltrack "Fossora" oder "Trölla-Gabba" dierften esouguer déi allergréissten an treiste Fans vun der Björk op d'Prouf stellen. Wat op "Fossora" awer wierklech auszeechent ass, ass d'Balance tëschent dem Beat-Choas a méi doucen an minimalisteschen Stécker, wéi zum Beispill dem Lidd "Freefall".

"Fossora" ass definitiv ee vun den ofwiesslungsräichsten Albe vun der Björk an awer gëtt et eng Koherenz, also et huet een ni d'Gefill, datt et willkürlech oder onstëmmeg kléngt.

Champignon a Froen ëm Liewen an Dout

D'Björk sicht eigentlech ëmmer no engem gewëssen kreativen Leetfuedem fir hir Alben an dës Kéier sinn et Champignoen.

No hirem leschten Album "Utopia", bei deem den Himmel an d'Loft am Fokus stoungen, wollt si elo en Disk produzéieren, dee sech um Ënnerierdeschen inspiréiert an dee méi no Buedem, Wuerzelen an ebe Champignone kléngt. Do kritt den Terme Underground dann och eng direkt méi wuertwiertlech Bedeitung.

Mee et gëtt awer nach een zweeten Sujet, deen op "Fossora" dominéiert. Der Björk hier Mamm ass 2018 verstuerwen an um Album ginn et zwee Lidder, déi als eng Zort Noruff op si geduecht sinn.

Besonnesch "Ancestress" ass eng immens emouvant Ausernanersetzung mat de groussen Froen ëm Liewen an Dout, a wat eigentlech vun engem Liewen esou an Erënnerung bléift. Et sinn ganz intim Ablécker, déi vill Resonanz kreéieren.

D'Björk selwer seet, si wier ëmmer op der Sich no dem "sweet spot" tëschent dem Perséinlechen an dem Universellen, an ech menge mat Fossora geléngt hir hei eng absolut Punktlandung.