Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Elegant a beweegend

Marker Starling – Diamond Violence

Album vun der Woch: Elegant a beweegend

Als Sänger huet een de Chris Cummings, alias Marker Starling, ëmmer schonn iergendwou héieren. Villäicht op engem Von Spar Track, bei Junior Boys oder bei Stereolab. Oder villäicht op enger vu senge bis elo zeng Soloplacken.

auto_stories

3 min

Zeng Soloplacken huet de Marker Starling - awer nëmme wann ee seng Neiste matzielt. Déi heescht Diamond Violence an ass d'lescht Woch op Tin Angel Records erauskomm.

"Yet You Go On"

D'Single "Yet You Go On", déi mat der Release zesummegeet, suggeréiert scho vill iwwer dës Plack, danzt mat Zéiwespëtzegroove ronderëm päreleg elektresch Pianoe wärend de Cummings am Duett mat der Dorothea Pass mat Harmonien zéckert, wat do an der Rhytmussektioun spartanesch, a schéi waarm viru sech hi groovt.

D'Eleganz vun der Produktioun deet un de Kometeschweif vun dëser neo-Kraut-Zeen denken, u Stereolab a Von Spar oder och u Field Music - propper, atmosphäresch a mat enger gewëssener Patina.

"Diamond Violence"

"Diamond Violence" ass ee weideren Titel, deen ee konnt am Viraus lauschteren: Pop Musek ewéi aus de Yacht-Pop Jore Mëtt der 1970er, mee ëm eppes méi duuss am Toun, an iergendwéi Famill mat deem, wat ee vun den Norweger Kings of Convenience an hire Säiteprojete kennt. "Mir wollten eng Geschicht erzielen, déi den existenziellen Horror vun den Texter erfaasst an d'Zuschauer op eng wëll Odyssee vun Erpressung, Hybris a Gewalt huelen", esou de Cummings iwwer de Video zum Lidd, dee vum Regie-Duo Goldwing produzéiert gouf.

Mee d'Thematik ass mam Song verbonnen. De Cummings koum mat enger einfacher Iddi fir d'Lidd. Scho éier hien et geschriwwen huet, wousst hien, datt dëst den Titeltrack wier. Dobäi sollt een Disco-Beat lafen an en Deel, wou hien nëmmen den Titel vum Lidd séngt.

Awer d'Ëmsetzung war méi ëmständlech wéi d'Iddi: "Et huet vill Finetuning gebraucht. [...] Heiansdo hunn ech bal opginn. Awer dunn, wonnerbarerweis, ass mir eng nei Iddi komm. Vill vu menge beschten Iddie komme mir beim Filmer kucken, a fir se am Kapp ze halen, sangen ech mir se am Kapp vir, bis de Film fäerdeg ass."

Een Espace, an deem all Nout zielt

Op de Clavieren ass de Starling wonnerbar spuersam, wat de Lidder zesumme mat der ënnerkillter Rhythmussektioun eng bal ominéis Qualitéit gëtt. Mee hien erschaaft domadder och een Espace, an deem all Nout zielt, an dee senger Stëmm hir ideal Kadenzen erlaabt. Mat wéineg Overdubs an och soss kaum Produktiouns-Schnickschnack kënnt d'Plack mat enger Grondastellung wéi aus der neuen Sachlichkeit zuwee, déi hir eng zolidd Balance an och eng Liichtegkeet gëtt.

Textlech erzielt "Diamond Violence", wéi den Titel et suggeréiert, vun deenen ënnerschwellege Konflikter, déi d'Liewen heiansdo schwéier erdréiglech maachen, a schöpft aus dem agreabelen, proppere musikaleschen Hannergrond weider Niveaue vu Sarkasmus fir bal Sitcom-arteg Momenter ze erschafen.

Et ass ee Pleséier, dës Plack ze lauschteren, déi néirens uneckt an dach hiren eegene Kanten trei ass. Accessibel mee ongewéinlech, mat enger Déift, déi wéi mat Pabeier zougepecht ass, suggestiv a verféieresch fonkelt dës Plack ganz schéin an hire 70s-Faarwen, an erzielt d'Erliefnesser vun haut am Liicht vun den Erwaardunge vu fréier.