Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Hierarchie vun der Trauer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: En eenzegaartege Sound

Hot Chip - Freakout Release

Album vun der Woch: En eenzegaartege Sound

Hot Chip si Veteranen am Popgeschäft an zanter méi wéi 22 Joer eng Band. Hir nei Studioplack "Freakout/Release" ass déi aacht an enger räicher Diskographie. Donieft huet d'Duebelspëtzt vun der Combo Alexis Taylor an Joe Goddard fir Pop-Gréisste Musek geschriwwen. En interessante Moment an enger Karriär, an eng super Plack, fënnt de Marc Clement, an deen ass elo bei eis.

auto_stories

3 min

"Trying Hard to Be Funky" titelt den englesche Guardian d'Kritik vun hirer neier Plack, a gëtt der Scheif dach eng Top Nummer. Dëst seet scho vill doriwwer aus, wat Hot Chip, der Trupp ronderëm de Producer-Duo Alexis Taylor a Joe Goddard, hir nei Plack ass an net ass. Mat hirem aktionisteschen Titel Freakout/Release beschreift si genee dat, wat Hot Chip an 22 Joer Karriär ni gewot hunn. Direktheet ass net dat éischt, wat engem bei hirer distanzéierter, oft mat Humor kommentéierender Musek an de Sënn kënnt. Wann dann op der Titel-Single déi magesch Wierder "Freakout" a "Release" och nach ganz distant vun engem Vocoder geschwat ginn, ass de Paradox perfekt. Een aneren Titel heescht "hard to be funky" a geet esou:

"It's hard to be funky when you're not feeling sexy," "And it's hard to feel sexy when you're not very funky." Séngt do den Joe Goddard.

Hanner der Fassag ass geet et feiereg zou

Dës typesch britesch Selbstironie ass et, déi Hot Chip all Méiglechkeet hëlt, sech ganz lass ze loossen an eng fein Kontroll walten ze loossen iwwer d'Spannungsbéi an hirer Musek. An dat ass ee grousst Gléck. Well et ass jo och beim Nolauschterer wou d'Band de Freakout an d'Releasen ausléise wëllen. Déi danzbar Titel-Nummer mécht dofir e gudden Ufank, a wien Hot Chip scho live gesinn huet, weess, datt et bei hinnen hannert der ofgekillter Fassad waarm bis feireg zougeet. Och de Monster Song "Down" ass op seng eegen, zeréckhalend Manéier extrem funky. Mat enger Bridge, iwwregens, déi an der Loft ze schwiewe schéngt.

Extreem gutt produzéiert

Dës schwiewend Bréck ass Zeeche fir déi onwarscheinlech Produktiounskonscht, déi op dëser Plack zur Geltung kënnt. Mat am Boot si Soulwax, déi infaméis Gebridder Stephen an David Dewaele, déi mat Hot Chip Elementer vun hirem musikalesche Parcours deelen an hei messerschaarf Produktiounsdecisiounen huelen. Heavy a psychedelesch wéi ee méi rezente Chemical Brothers Album zitt d'Plack ewech wéi en Zuch, mat enger liichter French Touch Influenz op all Tëschestatioun.

Intensitéit kënnt duerch op "More Than Enough", eng Disco-Nummer op där den Alexis Taylor d'Roll vun engem paranoide Liebhaber a seng Stëmm leet. Dreckege Bass an een Drumsolo virum Outro maachen de Sak zou, no Minutte vun urgentem Groove.

Bësse méi wëll wéi gewinnt

Allusiounen op de Kampf ëm queer Rechter duerch Disco Musek, d'Kolonialzäit an toxesch Maskulinitéit duerchzéien den Album mat interessantem soziale Commentaire, kaleidoskopesch, iwwerluecht an dach grad dowéinst och voller Gefill.

Déi rezent Produktionsaarbecht vun Hot Chip fir Ibibio Sound Machine kléngt engem bei dëser Plack och e bëssen an den Oueren, mee d'Zesummenaarbecht mat Soulwax mécht de Sound vun dëser Plack ganz eenzegaarteg an e bësse méi wëll wéi gewinnt.