Radioen

On air

Notturno  |  Secret Night Gang - When Will The Sun Rise Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Eng Musekerin an hirem Element

Sophie Jamieson - Choosing

Album vun der Woch: Eng Musekerin an hirem Element

Direkt mat engem éischten Album de richtegen Toun ze treffen, dat geléngt net jidderengem. Déi brittesch Musekerin Sophie Jamieson bréngt et op hirem Debut "Choosing" awer fäerdeg, sech souverän an der Traditioun vu Singer-Songwriterin wéi Sharon Van Etten oder Cat Power ze etabléieren, a gläichzäiteg hir eege Stëmm ze affirméieren.

auto_stories

2 min

"Whiskey, you're staring at me"

"Sink" heescht eng vun den éischte Singlen, an hei fanne sech direkt all d'Elementer erëm, déi dës éischt Plack ausmaachen. "Element" ass hei wuertwiertlech gemengt, well d'Waasser ass eent vun de Motiver, déi an den Texter ëmmer erëmkommen.

An dësem Fall ass et engersäits d'Waasser an deem ee versenkt, anerersäits ass de "Sink" op Englesch awer och de Spullsteen an deem de Kapp versenkt, no enger laanger Nuecht.

"Whiskey, you're staring at me", mat deene Wierder fänkt den Titel un - et ass also net nëmme Waasser, dat hei eng Roll spillt, mee och eng aner Form vu Flëssegkeet, nämlech alkoholescher Natur.

Alkoholismus an dem Wee eraus

An den eelef Lidder vum Album "Choosing" geet et zum gréissten Deel ëm den Alkoholismus an deem d'Sophie Jamieson amgaange war ënnerzegoen, an ëm hire Wee zeréck un d'dréchent Land.

"Choosing" kënnt engem beim éischte Lauschtere wéi e luesen, melancholeschen Album vir, e bësse flou an den Arrangementer, d'Pianosaccorden si mëll, de Gittarssound e bëssen dréif, et héiert een heiansdo och e Stull kraachen oder wéi en Accordwiessel net direkt geléngt.

Wat ee sech awer méi mat der Sophie Jamieson hirer Musek beschäftegt, wat engem no an no nei Facetten opfalen, zum Beispill de kromm-poppege Schluss vun der Single "Runner", bei deem d'Instrumenter op eemol, passend zum Titel, ufänken ze rennen, ouni sech nach un e Metronom oder e virprogramméiert Tempo ze halen.

Wiessel tëschent Verzweiwlung an Hoffnung

Op dësem Debut si sécher keng Stécker, déi een nom éischte Lauschteren direkt nosange kéint, a fir niewebäi lafen ze loossen, si se definitiv och ze schued.

Soss verpasst een nämlech d'Schéinheet vun dëser Plack an déi entsteet dacks duerch de Wiessel tëschent Verzweiwlung an Hoffnung, tëschent stëllen, intimisteschen an dissonant-rosene Momenter.

"Choosing" huet keng explizitt Héichpunkten, mee wann een den Album am Ganze lauschtert a sech Zäit derfir hëlt, dann entwéckelt en ee ganz eegene Floss, deem ee sech schwéier entzéie kann.