Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Eveil au Jazz

Not tight

Album vun der Woch: Eveil au Jazz

Jazz fir Einsteiger - do denkt ee meeschtens u Barhocker Swing-Jazz oder Gemächleches à la Keith Jarett. D'Domitille Degalle an den JD Beck allerdéngs benotzen Hip-Hop an Dance, fir hiren Achterbunn-séieren Jazz. Eng vun de spannendste Placke vum Joer.

auto_stories

4 min

Et ass net nemmen eng Jazzplack, mee iergendwou och ee Pop Album. Well de gudden alen Jazz a säin Neveu, den Hiphop, ënnerhuele jo a leschter Zäit éischter vill mateneen. An England sinn et Bands wéi Ezra Collctive, déi de Rap mat de bloen Noute kultivéieren, an de Staaten esou Virtuose wéi de Thundercat, dee keng Angscht huet, Free Jazz Linnen a seng R&B Balladen ze paken. An esou bäisst sech d'Museksgeschicht selwer an de Schwanz.

Thundercat ass och als Gaascht op dëser Plack mat dobäi, genee wéi de Mac De Marco, de Snoop Dogg, de Busta Rhymes an den Herbie Hancock - ganz grouss Nimm aus Rock, Jazz an Hiphop also déi hei ënnerstëtzen.

Mee gi mer mol net ze schnell a stellen déi zwee Leit vir, déi des Musek geschriwwen a gespillt hunn, nämlech zwee bluttjonk Nobodies.

Déi eng kënnt hei direkt vun der anerer Säit vun der Grenz, vu Metz, an heescht Domitille Degalle. Si ass Pianistin an huet fir dës Plack ze maachen extra hir Studien um Berkeley College of Music ënnerbrach. Den Drummer am Bond ass grad emol 19 Joer al a gouf vun de Jungs vu Snarky Puppy am Texas entdeckt. D'Jazzwelt hält also den Otem un, well dass esou eppes Frësches a Jonkes op Blue Note Records erauskomm ass, dat ass schonns eng Zäitchen hir, wann iwwerhaapt.

Zesummebruecht huet déi zwee den Anderson Paak, dee si iwwerzeegt huet, fir säi Label Apeshit zesummen eng Plack opzehuelen. Et war eng gutt Iddi, wéi ech fannen.

"Mir musse séier spillen"

Kennegeléiert hate si sech op der Schoul an hir reegelméisseg Jams hu si einfach opgeholl a mat ronderëmgeschleeft.

Iwwert de Schreifprozess sot de Beck dem englesche Guardian dat hei:

"Wou mir als Teenager an de Business erakomm sinn, war iwwerall ronderëm eis lues Musek. Et ass een op eng Jam Session gaangen a wat dobäi erauskoum war luesen R&B. An um Radio ass souwisou alles am selwechten Tempo. Wou d'Domi an ech ugefaangen hu mateneen ze spillen, si mir direkt erwächt, an hu verstanen, datt mir musse séier spillen"

D'Batterie op der Plack ass dann och extrem vive, gëtt plazeweis d'Illusioun vun engem programméierte Beat wéi an engem Drum & Bass Track zum Beispill. Den tonalen Effekt gëtt mat einfache physesche Mëttelen erreecht, wéi dem Dämpfe vu verschiddene Batterieselementer mat Alldagsobjeten, déi dann de Sound veränneren. Verbonne mat deem Achterbahntempo kléngt dat oft wéi een Drumcomputer, deen denke kéint, scho ganz futuristesch.

Mol séiss, mol sauer

D'Pianistin geet hei och oft genuch fort vum Fligel an ameséiert sech mat Synthesizer Sounds vun allen Zorten, wat erëm eng Kéier de Bezuch op Dance Musek hierstellt, mee och een einfachen Astig fir Oueren, déi Jazz net gewinnt sinn. Et ass wuel alles vertrackt, rhythmesch verwurrelt, an harmonesch komplex, mee den ale Swing Jazz à la Charlie Parker a Keith Jarrett kënnt an hire Melodië mat duerch, déi mol séiss, mol sauer, mol lëschteg matlafen a pulséieren. D'Prezisioun an d'Vitess vum Spille si bei hir net manner beandrockend wei beim Batteur, a bei dëser Virtuositéit ass et ee Wonner, datt d'Musek hiren Humor an hiert emotionaalt Gewiicht behält, ee wierklechen Tour de Force.

Musek fir jiddwereen

Éierlech gesot jidderengem, dee gäre vu Musek iwwerrascht gëtt an e bëssen oppen ass. Mee ganz besonnesch Leit, déi gären Hiphop lauschteren. Ech mengen déi fannen hei vläicht dat, wat hinnen an hirer Liblingsmusek gefält, mee potenzéiert zu Stäerkten a Konzentratiounen, déi se net esou gewinnt sinn. An dann natierlech Jazz-Fanatiker, mee vun deene wäert souwisou keen dës Plack verpassen.