Radioen

On air

Espresso Beats  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Gebuergenheet an der Orientéierungslosegkeet

Yian

Album vun der Woch: Gebuergenheet an der Orientéierungslosegkeet

Duuss Cellokläng, gehauchten Texter a verdreemten Ambientpop: Op hirem Debut "Yian" hëlt eis d'Lucinda Chua mat op hir Sich no Identitéit an Heemecht. E staarken Debutalbum tëschent Ambientpop an Identitéitssich.

auto_stories

3 min

"Yian" ass zwar den Debutalbum vun der Lucinda Chua, mee si huet an de leschte Jore scho mat e puer EPs op sech opmierksam gemaach. 2019 koum eng éischt EP mam Numm Antidotes 1 eraus, zwee Joer méi spéit dann och Antidotes 2. Éier si mat hiren eegenen Produktiounen ugefaangen huet war si d'Cellistin vun der Popkënschtlerin FKA Twigs. Mat där sollt si dann och 2020 op eng grouss Tournée goen, mee do koum d'Pandemie dertëschent an d'Lucinda Chua huet sech wéi souvill Persounen an den heemesche Cocon zeréckgezunn, huet eng Zäit laang weder Musek gemaach nach gelauschtert, mee villméi de Fokus op d'Persoun hannert der Kënschtlerin geluecht. An dës Introspektioun ass dann eigentlech och d'Base vun "Yian", een Album, deen immens perséinlech geroden ass. Zum Beispill de Song "Echo", eng Onofhängegkeetsdeklaratioun an där et dorëms geet d'Leed oder d'Traumata vun anere Persounen net ze internaliséieren.

An éischter Linn geet et hei ëm Heemescht, Originnen an d'Tëscheraim vun dësen. D'Lucinda Chua ass an England opgewuess als Kand vun engem chineesesch-malaysesche Papp an enger brittescher Mamm. Si selwer seet, datt si sech eigentlech ëmmer tëschent dësen zwou Welte gefillt huet. Den Albumtitel "Yian" ass engersäits der Kënschtlerin hiren zweete Virnumm op Mandarinn Chineesesch, mee et ass och d'Bezeechnung fir eng Schmuebel - dee Vull, deen an der chineesescher Kultur eng wichteg Symbolik huet als Zeeche fir Wandel a Gléck. D'Lucinda Chua seet ufanks wier et hir dorëms gaangen, ganz konkret Äntwerten op hier Identitéitsfroen ze fannen, mee wärend der Aarbecht um Album huet si gemierkt, datt dës Sich dann dach méi Nuancen an Ambiguitéit mat sech bréngt. Dat héiert een zum Beispill am Song "An Ocean", an deem d'Lucinda Chua an der vaster Orientéierungslosegkeet Gebuergenheet fënnt.

Alles an allem ass "Yian" schonn nach den Ambientpop, deen ee bis elo vun hir kennt: vill Cello, Piano, Looping an Effekter. An natierlech der Lucinda Chua hir fragil an awer resonant Stëmm, déi um Disk dacks éischter no Hauchen oder Pësperen ewéi Sange kléngt. Och fält op, datt d'Songs nees immens ausgedeent sinn, also et wierklech vill Raum tëschent den Nouten heiansdo gëtt. Dës kleng Otempause sinn der Lucinda Chua no wichteg, fir d'Musek net ze iwwerlueden, mee och den Nolauschterer eng Plaz ze loosse fir a sech eranzelauschteren. Et lount sech dës Aluedung ze acceptéieren.