Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haut ass d'gëschter vu muer

Album vun der Woch

Haut ass d'gëschter vu muer

Wann et an de Plackebutteker oder op de Streamingdéngschter e Rayon géif gi mat der Etikett: "Gutt Almoudesch Musek", da kéint een der Courtney Marie Andrews hiren neien Album "Loose Future" perfekt do aklasséieren.

auto_stories

2 min

Déi 31-järeg Musekerin ass iergendwou tëscht Country a Folk doheem, a si vernäipt sech och ganz bewosst virun hire grousse Virbiller, déi si an hire Stécker zitéiert, ëmmer just esou vill, datt engem d'Musek vertraut virkënnt, ouni an de Verdacht ze geroden, ze vill léine gaangen ze sinn. Wien awer gär déi klassesch Singer-Songwriter Musek lauschtert, dee begéint dem James Taylor, dem Bruce Springsteen, dem Joni Mitchell oder dem Lucinda Williams.

D'Gittare klénge wéi an de 70er, d'Pedal Steel zitéiert déi grouss Country-Klassiker, nëmmen heiansdo mellt sech e Synthesizer, fir eis drun ze erënneren, dass mer d'Joer 2022 schreiwen. Produzéiert huet si déi 10 Stécker mam Sam Evian, deen och selwer als Museker ganz aktiv ass.

Am Kontrast zu deem nostalgesche Sound stinn der Courtney Marie Andrews hir Texter, an deenen et ebe grad net dorëm geet, der Vergaangenheet nozetraueren, mee an deenen si optimistesch an d'Zukunft kuckt. Dobäi hëlleft och eng nei Léift, déi si inspiréiert huet, an hir gehollef huet, no der schwéierer Zäit vun der Pandemie an dem Lockdown hiren Optimismus erëmzefannen. Wann si am Stéck mam selwechten Titel séngt: are the good old days", da mengt si domat, dass mir d'Zäit haut solle genéissen, well mir haut déi Deeg erliewen, un déi mir eis an e puer Joer als "gutt al Zäit" wäerten erënneren. D'Lidder "Thinkin' On You", "Older Now" oder "Satellite" sinn de perfekte Soundtrack dofir.

"Loose Future" ass och eng Invitatioun fir dat ganzt Wierk vun de Courtney Marie Andrews ze entdecken. Mat hiren 31 Joer huet si schonn néng Alben opgeholl an 2021 och e Gedichtband erausbruecht, "Monarch", an deem si ënner anerem hir Kandheet am Arizona a Wierder kleet.