Radioen

On air

Tockcity  |  Arab Strap - Bliss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Hippen Jazz an jazzegen Hop

Ezra Collective - Where I'm Meant To Be

Album vun der Woch: Hippen Jazz an jazzegen Hop

Een ausgeloossent Feiere vum Liewe wollten Ezra Collective op hirer neier Plack "Where I'm Meant To Be" vermëttelen. Si sinn dobäi raffinéiert wéi op engem gehuewenen Owesiessen, fënnt de Marc Clement.

auto_stories

4 min

Wie sinn d'Leit hanner dem Ezra Collective?

D'Membere vun Ezra Collctive sinn zu London opgewuess an hu sech am Jugend-Jazz-Programm Tomorrow's Warrior kennegeléiert, dee vum Bassist Gary Crosby geleet gëtt. Si danze gären op Grime, Soul an Hip-Hop, an deelen eng Passion fir Jazz.

Frëndschaft a Jugendkultur kommen zesummen an enger Approche, an där esou zimmlech alles wëllkomm ass, Pop, Dance, Hip-Hop, a wou dem Jazz seng laang Geschicht och emol als Gewierzregal benotzt gëtt, e bëssen heivun an e bëssen dovun.

Do, wou den Jazz zu London laang zougeknäppt an iwwer-intellektuell wouergeholl gouf, gëtt en zanter 2015 ëmmer méi zu enger progressiver Kraaft an der Jugendkultur- parallel mam Hip-Hop, deen op der Insel och e bëssen eng aner Nues huet wéi déi aner Säit vum Atlantik.

Eng Communautéit vu Kënschtler, zu där déi karibeschstämmeg Tenorsaxofonistin Nubya Garcia genee esou gehéiert wéi de Rapper Loyle Carner oder divers Membere vu KOKOROKO ëmginn d'Band an ëmmer erëm dauche Kollaboratiounen op, vill dovu méi interessant wéi d'Album-Tracks.

An dat heiten ass elo hir zweet Studiosplack.

Genee, a si fänkt direkt u mat engem brennende Featuring mat der Sampa Tembo, oder Sampa The Great, déi um éischten Titel "Life Goes On" den Tenor setzt fir eng Plack, déi sech momentbezunn a liewensfrou wëllt ginn.

"Life Is Only Now, Like This Song", dës Linn zitt sech duerch de Refrain vum Song, a bréngt eis riicht an de Sujet.

Ezra Collective sinn als Party Band bekannt a si gewinnt, an de Londoner Clubs d'Leit zum Danzen ze bréngen. Ass déi nei Plack danzbar?

Streckeweis jo. De Piano am zweeten Track "Victory Dance" tobt sech modern aus iwwer een traditionelle mee ustiechende Salsa-Beat, an dréit der Live-Orientéierung vum Grupp Rechnung.

Purismus brauch ee sech net ze erwaarden, et ass d'Effikassitéit, déi am Mëttelpunkt steet, fir da mat Rhythme gebrach a méi mat gewote Soloe gewierzt ze ginn.

"Jiddwereen huet een eegent Gefill, dat e bei aneren ausléist. Fir eis ass dat eng Energie vu Freed", seet de Bandleader a Batteur Femi Koleoso dem Blog. "Mir probéieren d'Leit zum Danzen ze bréngen, fir datt si op eise Concerten de beschten Dag vun hirer Woch hunn", esou de Bandleader Femi Koleoso.

Mee d'Haaptstäerkte vum Ezra Collective leien awer enzwousch anescht. Wann de Kojey Radicak um drëtten Track op Bebop- Inspiréiert Linne rappt, erlieft een d'Verschmëlzung vun zwou Musekszorten, déi dee selwechten Esprit zu zwou verschiddenen Zäite representéieren, Jazz a Rap, an déi matenee kommunizéiere kënnen. Déi drëtt Mauer, déi den Jazz-Sample am Hip-Hop-Song oprechterhalen huet, fällt, an d'Musek fléisst ouni Pretentioun oder duebel Niveauen. Dat ass tatsächlech nei.

Dancefloor Jazz wéi op "Welcome To My World" wënscht ee sech wann ech gelift live, a wann ee beim Lauschteren näischt anescht ze dinn huet, da wënscht ee sech, en hätt Background-Listening, also ee Kräiz, mee och ee mulmegt Gefill. Zeechent sech do e bëssen ze vill Konsens of, bei dëse mat Förderung geziichte Plänzercher?

Den decaléierten, liicht dekadente Vibe vu Smile mécht et erëm gutt, an et huet een d'Gefill, datt de Pianoman John Armon Jones op dëser Plack d'Ekipp zu hire beschte Momenter bréngt, mat faarwegen Iddien a vill Subtilitéit.

De Sound ass de kompriméierte Ghettoblaster-Beats vu vill modernem Hip-Hop friem, dynamesch wéi mat den Turnschlappen am Waldorf Astoria. Et feelt engem villäicht e bëssen un Duerchsetzung, bei all dësen e bësse feierlechen Téin, mee deen ass op de Featurings net ze knapp.

"As everyone gets hooked on jazz, Ezra Collective are the group most locked into a Groove", huet de Museksblog Loud and Quiet virun net allze laanger Zäit getitelt, dobäi sinn et Momenter vu fantastescher Lassgeléistheet, déi Tracks wéi Belonging iwwerzeegen, engem vun deen stäerksten Titelen op der Plack, a mat sengem éiweg changéierenden a fléissendem Groove och ee Stéck méi urban.

Am Allgemenge kléngt et awer wéi eng éischter roueg Plack.

Jo, an et ass en zweeschneidegt Schwert mat der méi roueger Säit vum Ezra Collective. Esou gutt jugéiert, datt et passageweis iwwerfleegt wierkt, an e bësse vu senger eegener Ambitioun op d'Schëpp geholl.

Zu anere Momenter allerdéngs ass een net nëmmen ënnerhalen, mee ëm de Fanger gewéckelt vun dëser ganz anerer Manéier, dat 21. Joerhonnert an Toun ze setzen.

Wäit ewech vun hirem 2017 Dancefloor Hit "Space Is The Place" presentéieren Ezra Collective eng villsäiteg an equilibréiert Plack, déi net iwwer d'Sträng schléit an dach grad wäit genuch geet fir een tatsächlech déi Liewensfreed spieren ze doen, déi der Band esou um Häerz läit.

Ezra Collective sinn och Ufank des Joers live an Europa, am nooste bei eis de Feb 5, 2023 an der Ancienne Belgique zu Bréissel an den Dag duerno, Feb 6, 2023 am Club Bahnhof Ehrenfeld zu Köln.