Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Tëscht naiv a pakend

Little Simz - No Thank You

Album vun der Woch: Tëscht naiv a pakend

Viru gutt zwou Wochen huet d'Little Simz iwwerraschend eng Plack erausbruecht. "No Thank You" ass eng Ofrechnung mam Musiksgeschäft - an eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Foto: Little Simz

Mat "Sometimes I Might Be Introvert" huet d'Little Simz zejoert e Grammy gewonnen. Hire bis elo gréissten Triumph huet hir awer scheinbar méi rout Teppecher, forcéiert Laachen, Coupen a Kompromësser ofverlaangt wéi hir léif war.

Well dem iwwerflächlechen Hype, der Kuerzliewegkeet an dem Schmarotzertum vun der ganzer Museksindustrie, hirer verstopptener Fraefeindlechkeet, hirem Rassismus an hirer Manie, Mënschen als Produiteen ze gesinn, seet setzt elo ee bestëmmte 'No, Thank You' entgéint.

E Coup, dee soll setzen

Et deet hir net leed, iwwer Familientrauma oder gebrache Relatioune geschriwwen ze hunn. Wat hir leed deet ass, datt een op deene Celebrity-Partyen, op deen den Erfolleg een hibréngt, souwisou just seng eege Leit vermësst, well déi, déi wierklech zielen, do net wëllkomm sinn.

Wann "No Thank You" self-released a vun engem ale Kolleeg produzéiert op de Maart erabrécht, dann ass et well de Coup soll setzen. Si wëll beweisen, datt si keng Bluttsauger ronderëm sech brauch. De SAULT-Member a Produzent Inflo huet d'Plack produzéiert an op sengem klengen Indie-Label erausbruecht, fir ze hëllefen, Sony eng auszewëschen.

Um Track "Silhouette" rappt si: "Dir wësst, wéi dat hei leeft. Deenen hir gréissen Angscht ass, datt ech et ouni si packen. Déi Typpe wëllen just Lorbeere kasséiere fir eppes, dat hinnen ni gehéiert huet." Op "Angel" beschreift si esouguer de Museksbusiness als Sklaveschëff.

Dësen Aspekt vun der Plack schéngt iwwerdriwwe subjektiv, e bëssen ze narzisstesch, deels schäinhelleg. Konflikter tëscht Artisten an Plackefirme gehéiere spéitstens zanter George Michael a Prince zum Musekeralldag, hu schonn deemools net wierklech een interesséiert, a gehéiere villäicht net a Songtexter.

Iwwer de Verloscht vu Solidaritéit

Ausserhalb der Hybris ass och villes an dësen Texter räif, a geet e bësse méi déif wéi de beschriwwene Grondtenor. Tëscht dem Vitriol géint d'Museksindustrie gëtt et och méi interessant Gesellschaftskritik ze entdecken: de Verloscht vu Solidaritéit, wann d'Akommesschéier d'Leit vuneneen trennt. Oder de Fakt, datt eis Gesellschaft et ëmmer nach net fäerdeg bréngt, mental Krisen als e Fakt vum Liewen ze huelen, an ze hëllefe statt ze tabuiséieren, wéi op 'Gorilla'.

Datt d'Little Simz d'Kloerheet erreecht huet, "Nee" zum Glamour vum Museksgeschäft ze soen, ass net dat, wat 'No Thank You' zu enger gudder Plack mécht. Wuel awer déi Momenter, wou d'Simbi Ajikawo an d'Déift geet, an hire réie Schmäerz net nëmmen erauskritt, mee och mat hiren eege Wierder heele kann.

Wie mat Musek als Tagebuch e Problem huet, an d'Ambitioun Karriär a Wierk a perfekter Entspriechung ze gesinn, naiv fënnt, waart bei "No Thank You" oft ee batteren Nogeschmaach am Mond hunn.

Den Album ass awer musikalesch ze gutt gemaach, verschidden Textpassagen ze pakend, fir hei net dat Gutt mat dem manner Gudden unzehuelen an ze genéissen. Net esou grouss wéi de Virgänger, mee akut a schneidend genuch, fir een z'accrochéieren, esou zitt "No Thank You" seng einsam Bunn, a wäert sécherlech vill méi Succès hunn wéi erwënscht.