Marina Allen - Centrifics Album vun der Woch: Tëschent Realitéit a Fantasie

Eng Reegel hat d'Marina Allen eegenen Aussoen no beim Kreatiounsprozess vun hirem neie Wierk: Jo soen. Déi kalifornesch Singer-Songwriterin huet sech net zeréckgehalen a liwwert mat "Centrifics" en Album, deen tëschent Realitéit a Fantasie schwankt. E Genoss, deen net nëmmen d'70er Singer-Songwriter Puristen dierft iwwerzeegen.

Jamie Reinert / sam

Marina Allen cropped
D'Marina Allen. Foto: Eve Neuhart

Wéi den Titel "Centrifics" et seet, gëtt sech op dëser Plack zentréiert. Duerfir huet sech d'Marina Allen an den idylleschen a rouegen Norde vu Kalifornien zeréckgezunn, fir do un hire Kompositiounen ze feilen.

Eng Reegel: "Jo" soen

Selbstbesserung an d'Bezéiung tëschent dem Ech an der Welt sinn déi grouss Theeme vun hirer zweeter Plack. Et ass déif an d'Séil gegraff ginn, fir Äntwerten ze fannen.

Dat kléngt elo alles zimmlech spirituell, an et muss ee soen, d'Lidder hunn effektiv eppes Magesches u sech. Psychedelesch Referenzen u Smaragd Stied, Super-Realitéiten, Uerdnung an Alchimie zeechnen d'Texter aus.

Mee der Symbolik an dem Spill steet och eng ganz direkt Sprooch entgéint. Mol ganz kéng, mol méi bescheiden. Awer ëmmer éierlech.

Eegenen Aussoen no huet d'Marina Allen versicht, sech beim Kreatiounsprozess net selwer am Wee ze stoen. "Beim Schreiwen hat ech nëmmen eng Reegel, an zwar "jo" ze soen", esou d'Musekerin.

Buedemstänneg a verdreemt

Déi Stëmmung tëschent Realitéit a Fantasie fënnt sech dann och an der Musek erëm. Dat Buedemstännegt personifizéieren de Piano, déi akustesch Gittar, d'Batterie an de Bass. Halt Klassesch Singer-Songwriter Instrumentatioun.

Méi verdreemt sinn dann Elementer wéi Klimper-Perkussioun, Saxophon, Straicher a Fender Rhodes, déi de Stärestëbs duerch d'Fënster blosen.

Déi Rees tëschent Äerd a Firmament areecht da mat der Marina Allen hirer Stëmm hire Zenit. Grad ewéi hir Kär-Aflëss aus de 70er, notamment Carole King, Laura Nyro a virun allem Joni Mitchell, geet si mat de Stëmmbänner héich sichen, dat ganz natierlech, ouni Ustrengung. Sech a vill Aneres a Fro ze stellen huet seelen esou schéi geklongen.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Albumcover: "Florist" vu "Florist"
An der Gebuergenheet vun de Bandkolleegen

Mat hirem véierten Album melle sech d'New Yorker Indiefolker Florist zeréck. Et ass ee couragéierte Virstouss an déi eege Vulnerabilitéit.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen