Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Vergiess deen alen Dram ...

Country

Album vun der Woch: Vergiess deen alen Dram ...

D'lescht Joer huet sech d'Angel Olsen bei hiren Elteren als homosexuell geout. Kuerz duerno ass hire Papp gestuerwen. Dunn hir Mamm. Net laang nom zweete Begriefnes ass si an de Studio gaange fir "Big Time" opzehuelen. Eng emotionell Achterbunn vun enger Musekerin déi mat dräi Akkorden an der Wouerecht sech de Misär vun der Séil séngt.

auto_stories

2 min

Häerzwéi an dat Moralescht ware schonn ëmmer en Deel vun der Angel Olsen hirem musikaleschen Ausdrock. Mee déi leit hir Séil awer esou richteg.

D'lescht Joer huet sech d'Musekerin bei hiren Elteren als homosexuell geout. Eng immens Laascht ass hir dobäi vun de Schëllere gefall.

De Misär vun der Séil sangen

Mee d'Euphorie huet net laang ugehalen. E puer Deeg méi spéit ass hirer Papp gestuerwen. Dunn och nach hir Mann.

Net laang méi spéit huet si sech am Studio erëmfonnt fir "Big Time" opzehuelen. Eegenen Aussoen no war si frou do eng Plaz ze fannen fir all hir Energie ze fokusséieren. An déi héiert een och.

Ee befreidenden Album

Hei gëtt et genuch emotionelle Stoff fir e gudde Country Album. E Genre, mat deem d'Angel Olsen nach ni esou direkt wéi hei geflirt huet.

Hir Wuerzele leie wuel am Americana, si war dann am Indie-Rock ënnerwee bis si 2019 op "All Mirrors" mat epeschem Konscht-Pop mat 80s Referenzen iwwerrascht huet.

Hei fält all Pretentioun, all Drock sech mussen nei ze erfannen ewech. Doduerch kléngt den Album trotz dem schwéieren Hannergrond immens befreiend.

Patsi Cline, Emmylou Harris an Tammy Wynette ginn den Toun un, mee um Enn bleift d'Ënnerschrëft vun der Angel Olsen dominant.

Hir eege Stëmm fënnt sech an den Detailer erëm. De Kitsch gëtt erfrëschend assuméiert.

Subtil iwwer déi simpel Arrangementer gegoss. Op "Right Now" hëlt si de Mandolinne Klupp a sentimental klassesch Gittartéin mat an d'Boot, op "This Is How It Works gi synthetesch Cembalo Kläng agesat. De "je-ne-sais-quoi" deen de Virwëtz këddelt.

Déi musikalesch Ëmsetzung ass am Allgemengen awer ganz sober an elegant. Et kléngt wéi wann an engem wonnerschéinen, alen, mëttlerweil leider verloossene Concertssall opgeholl gouf.

Melancholesch

Et ass vast. Et ass melancholesch. D'Kläng komme vu wäit hir, wat de Wierder ëmsou méi Plaz gëtt.

"I'm dancing, baby / But I feel like dying", heescht et op "Go Home". D'Angel Olsen séngt iwwer hir Mamm, iwwer hir nei Léift, awer och iwwer vergaangen Affären, déi an d'Bréch gaange sinn.

Um Enn spiert een awer, datt et hir trotzdeem gutt geet. "Vergiess deen alen Dram / Ech hunn eppes Neies", séngt si op "Go Home".

Ganz nei vläicht net, awer sécherlech nach ni esou wuel an der Haut.