Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jerry Paper - Just Say Play

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Vu Flamingoen an Harespelen

Jesca Hoop - Order of Romance

Album vun der Woch: Vu Flamingoen an Harespelen

Déi rosa Flamingoe kucke kritesch vum Cover vun der Jesca Hoop hirem neien Album erof, wéi wann si d'Nolauschter:inne wéilten op d'Prouf stellen. Sidd Dir prett fir dat, wat elo op Iech zoukënnt?

auto_stories

2 min

Dat, wat een op "Order of Romance", der Jesca Hoop hirer mëttlerweil sechster Plack erwaart, ass tatsächlech e bësse speziell. Et ass eng Mëschung aus Folk, Rock a Blues, harmonesch Bléiser komme sech mat geckegen zweete Stëmmen an d'Queesch, an den Texter geet et ëm Harespelen, Orchideeën, Armageddon, déi éischt Léift, de Klimawandel, pink Bouwen a rout Meedercher.

An neen, dat ass keen Duercherneen - et gëtt alles zesummegehalen duerch der Jesca Hoop hir markant Stëmm an hiert Talent, fir an all Lidd kleng fantastesch Pop-Momenter ze verstoppen, déi ee mathuelen op déi Rees, déi engem e bësse virkënnt, wéi wann ee mam Alice duerch d'Wonnerland ënnerwee wier.

Produzéiert gouf den Album vum John Parish, deen och scho mat der PJ Harvey zesumme geschafft huet, a méi rezent mat der Aldous Harding an Dry Cleaning, zwee Nimm, déi an der Indie-Zeen fir vill Begeeschterung gesuergt hunn.

Perfekt musikalesch Begleedung fir den Hierscht

Et héiert een der Jesca Hoop hirer Musek d'Léift fir an d'Suerg ëm d'Natur un, déi si als jonk Fra entdeckt huet. Deemools huet si als Guide an hirer Heemecht Kalifornie geschafft an sech an der Wëldnëss doheem gefillt.

Mëttlerweil wunnt si an England, méi genee zu Manchester, an och wann een dat net onbedéngt an hirer Musek héiert, sou gëtt si dach awer un, datt si hir Musek am léifsten op deenen Deeg schreift wou et reent, mat enger gudder Taass Kaffi oder engem Glas Wäin an der Hand.

Op Deeg also, wéi et der elo ëmmer méi ginn an där Saison, déi op eis duerkënnt, a grad fir den Hierscht ass "Order of Romance" déi perfekt musikalesch Begleedung.