Musek am Gespréich Alessandro Urbano

Zanter fënnef Joer ass den Alessandro Urbano Titularorganist zu Diddeleng an der Kierch Saint-Martin. D'Instrument, op deem hien all Woch spillt, ass ënner Uergel-Frënn op der ganzer Welt bekannt a gëtt reegelméisseg fir Opname genotzt.

Luc Boentges / cz

Alessandro Urbano

Den Alessandro Urabno ass an Italien opgewuess an huet seng Studien an der Schwäiz ofgeschloss. Aus familiäre Grënn ass hien du viru sechs Joer op Lëtzebuerg komm, wou hien ee Joer méi spéit den Titularorganist an der Kierch Saint-Martin zu Diddeleng ginn ass.

Zanterhier ass hie reegelméisseg an der Kierch ze héieren, wann hien d'Priedegte musikalesch ënnermoolt an iwwer d'Theme vun der Mass improviséiert. Dobäi misst hien d'Musek ëmmer un d'Exigenze vun der Mass upassen. Geet et ëm e mënschleche Sujet, spillt hie ganz duuss, geet et ëm en Äerdbiewen, zitt den Titularorganist och gäre sämtlech Regëster.

"Ech versetze mech an d'Positioun vun engem Museker, vun engem Artist. Onofhängeg dovun, ob ee gleeft oder net, mir si Museker a mir mussen d'Gefill vun der Mass ausdrécken. [...] Hei si mer an enger Kierch, ech spille wärend der Mass, ech muss also biede kënnen."

E beléift Instrument fir Opnamen

D'Instrument, op deem den Alessandro Urbano all Woch spillt, gouf 1912 vum Georg Stahlhuth gebaut a gouf 1962 iwwerschafft. War se virdrun eng Uergel am däitsche Stil krut se 2002 och franséisch Charakteristiken. Datt d'Uergel "zweesproocheg" ass, ass ee vun de Grënn, wisou se esou dacks opgeholl gëtt. Tatsächlech wier et souguer déi Uergel, déi op der ganzer Welt am meeschten opgeholl gouf.

"Et ass eng ganz nuancéiert Uergel. Et kann een, jee no Stéck, lauter verschidden Nuancen, Ënnerscheeder an Akzenter sichen."

Doduerch hätt ee méi Méiglechkeeten an der Interpretatioun wéi bei aneren Uergelen.

An der Mediathéik:

Musek am Gespréich / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Beethoven
250 Joer Beethoven

D'Kirsten Jüngling proposéiert an hirer Beethoven-Biographie en Abléck an eng historesch opreegend Zäit, mat matten dran engem Komponist, dee Krämpes huet, eng Plaz fir sech a seng Musek ze fannen.

Nelsons.jpg
An der Mediathéik

Lauschtert den Neijoerschconcert 2020 vun de Wiener Philharmoniker mam Dirigent Andris Nelsons an eiser Mediathéik. Mat Musek vun der Strauss-Dynastie schécke si d'Neijoerschwënsch uechter d'Welt.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen