Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles beim Alen, Alen

Lëtzebuergesche Rap

Alles beim Alen, Alen

Rap op Lëtzebuergesch ass am Opschwong. Dat mierken och "Freshdax" op hire Concerten. Deen neien Album "Alles beim Alen, Alen" beschäftegt sech mat aktuellen, gesellschaftlechen Aspekter.

Yves Stephany

auto_stories

3 min

De Julien Primout an de Jacques Rasic

Deen neien Album vu Freshdax "Alles beim Alen, Alen" ass elo als Picture-Disk ze kréien. De Lëtzebuerger Hip Hop Duo läit domat am Trend. Vinyl erlieft momentan eng Renaisance.

Op Lëtzebuergesch, w.e.g.

De Choix fir op Lëtzebuergesch ze rappe war fir de Julien Primout evident. Obwuel hien et och op Franséisch hätt kéinte maachen, well hien zweesproocheg opgewuess ass. "Ech denken am Lëtzebuergeschen ass nach net alles gemaach ginn. Et ass nach extrem vill Loft no uewen, fir mat där Sprooch ze spillen. En plus ass et eng Sprooch, déi sech zimlech gutt eegent fir den Hip Hop." Ee weidere Virdeel wär, datt een aner Sprooche kéint abauen, ouni datt et penibel géif kléngen.

D'Kënschtler si sech bewosst, datt si sech domat net kënnen exportéieren: "Mir rappen op Lëtzebuergesch fir Lëtzebuerger." Besuergte Bierger, déi sech um Internet iwwer hir Mammesprooch Gedanke maachen, fille sech vun där neier Well vu Musek op Lëtzebuergesch awer interessanterweis net ugeschwat. "Vun deene kritt een och kee Feedback. Do gëtt jo awer ee gudde Schrack a Richtung Conservéierung vun der Sprooch gemaach."

"Alles beim Alen, Alen" op Picture Disk

Eng konkstruktiv Approche

D'Inspiratioun fir d'Texter vu Freshdax kënnt virun allem aus der Aktualitéit. Um éischten Album "Ziel mir net däi Liewen" hätt hie seng Loscht fir Texter ze schreiwen an ze reimen evakuéiert. Beim zweeten Album hätt hien den Niveau vun den Texter an der Technik wéilten eropschrauwen.

Zwëschent deenen zwee Diske wär och immens vill geschitt, wat de Julien Primout hätt wéilte verschaffen: "Sief dat dee Referendum, deen ech verheerend fonnt hunn. Sief dat d'Approche vun de Lëtzebuerger par Rapport zu der Migratioun, zu de Flüchtlingen, déi mir an d'Land era loossen." Beim Lidd "Hatt x Hatt x Heen x Heen" mécht de Rapper sech zum Beispill och fir gläichgeschlechtlech Léift staark.

De Julien Primout hofft, am beschte Fall mat sengen Texter Diskussiounen un d'Rullen ze bréngen. Am Rap-Milieu géifen d'Sujeten, déi si bréngen, net just op Zoustëmmung stoussen. "Et ass eng progressiv, konstruktiv Approche, déi d'Clichéë vum Hip Hop auserneen hëlt. Et ass mir wichteg, bëssen à l'Ecart ze stoen."

Background: Metal an Hardcore

Dat ass och scho wéinst dem Julien Primout sengem musikalesche Background de Fall. Niewent Freshdax ass hien och als Sänger vun der Metalband "Everwaiting Serenade" aktiv. An dat schonn zanter 10 Joer. "Ech sinn zu Bouneweg opgewuess, an do gouf et een Amalgam vu ganz ville Kulturen." Déi zwou Welte vum Rap a vum Rock hunn a senger Jugend eng gläichgrouss Roll gespillt.