Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Alles wat gutt ass, näischt wat schlecht ass"

Courtney Barnett

"Alles wat gutt ass, näischt wat schlecht ass"

D'Courtney Barnett ass eng engagéiert Sängerin. Aus onscheinbare Situatioune spënnt si Geschichten, déi vill aussoen iwwer d'Mënschen an d'Gesellschaft, awer och iwwer si selwer. Ee Gespréich.

auto_stories

2 min

"Tell Me How Your Really Feel" heescht der Courtney Barnett hiren zweeten Album. Jo, et kéint een en och "I Tell You How I Really Feel" nennen, laacht d'Sängerin. "Ech deelen definitiv eng Rëtsch Gefiller."

Schreiwe wier e gudde Prozess fir verschidde Saachen ze verschaffen. Si géif doduerch villes iwwer sech gewuer ginn, wat si soss och viru sech selwer géif verstoppen.

Komplex mënschlech Geschichten an einfachen an dacks witzege Wierder op de Punkt ze bréngen, dat ass der Courtney Barnett hiert grousst Talent. "Am Songwriting hunn ech méi Plaz fir Iddien ze developpéieren. Ech fokusséiere gär op klenge Saachen, déi u sech irrelevant schéngen."

Si gesäit sech selwer als engagéiert Musekerin. "Ech sinn offensichtlech éischter lénks agestallt. Ech si fir alles, wat gutt ass a géint alles, wat schlecht ass."

Musek huet an hiren Aen d'Kraaft fir Mënschen an d'Gesellschaft ze veränneren. "Musek ass staark, well si eis Hoffnung an e Sënn gëtt. Musek encouragéiert eis fir un eppes ze gleewen a fir eppes ze kämpfen. Ech mengen, datt dat heiansdo ënnerschat gëtt, wéi d'Musek Mënschen iwwerall op der Welt zesummebréngt an Iddien a Geschichten deelt."

Wat si géif maachen, wa si keng Sängerin wier? "Wahrscheinlech eppes mat Déieren."

Lauschterenplay_arrow