Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles Zukunftsmusek?

Philharmonie

Alles Zukunftsmusek?

Verschidde Concertshaiser experimentéiere mat Interaktioune mam Spectateur während dem Concert. Dat wier hei net virgesinn, seet den Direkter vun der Philharmonie. Aner Forme vu Concerten allerdéngs schonn.

auto_stories

4 min

Virum 19. Joerhonnert wier et üblech gewiescht während enger Oper erauszegoen, eppes z'iessen a da fir déi schéinsten Arien nees eranzekommen, seet de Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie.

"Dat wat mir kennen, wat mir fir dat eenzegt Méiglecht halen, war an der Vergaangenheet net ëmmer dat eenzegt Méiglecht." Wat nei Concert Forme betrëfft misst een dowéinst ëmmer oppe bleiwen, seet de Stephan Gehmacher.

Keng Interaktioun während dem Concert

Eppes, mat deem verschidde Concertshaiser den Ament experimentéieren ass, datt de Public och während dem Concert via Handy Informatiounen iwwert dat kréie kann, wat grad op der Bühn geschitt. Zum Beispill kéint een op eng Widderhuelung vun enger Melodie opmierksam gemaach ginn, déi een aneschters vläicht verpasst hätt. An der Philharmonie ass esou ee Schrëtt awer net virgesinn.

Och wann de Stephan Gehmacher an zwee Joer vläicht enger anerer Meenung ass, am Ament géing hien esou eng Offer als Oflenkung ugesinn. Dat eenzegt, dat hie sech an där Richtung virstelle kéint, wier, datt d'Iwwertitele bei der Opféierung vun enger Oper op den Handy iwwerdroe géinge ginn. Esou kéint een dem Public méi Sproochen ubidden, wéi dat den Ament méiglech ass.

Eng aner Form vu Concert

Mä wat kann een alles un engem klassesche Concert änneren? Déi gréisste Méiglechkeeten huet ee beim Kader:

  • d'Auerzäit
  • den Datum
  • d'Längt vum Concert
  • an d'Atmosphär

An der Philharmonie gëtt ganz konkret um Volet Atmosphär geschafft, andeems nei Luuchten am Foyer installéiert ginn.

"Am Moment gëtt d'Beliichtung am Foyer erweidert. Fir datt mir an dem grelle wäisse Foyer, dee jidderengem bekannt ass, och méi intim Atmosphäre kënne schafen."

Och wann den traditionelle Concert weiderhi bestoe bleift, géing villes vun dësem Format ewechgoen, an nei Forme géifen entstoen. Esou ee Format gëtt dës Saison mam Pianist Jean-François Zygel ëmgesat. Während enger bis annerhallwer Stonn spillt hie Stécker zu engem gewëssenen Thema a féiert mat enger Moderatioun duerch de Concert.

Zäitversat Diffusioun um Internet

D'Philharmonie schafft och grad dorunner, hir Concerten iwwer Internet zougänglech ze maachen. E Livestream gouf et schonn am Mee 2017. Deemools ass d'Oper "Hogboon" vum Peter Maxwell Davies iwwerdroe ginn.

Deemnächst sollen d'Concerten awer och zäitversat iwwer Internet kenne gelauschtert ginn. Ganz einfach wier d'Ëmsetzung vun dësem Projet net. Engersäits géing et sech fir Lëtzebuerg finanziell net lounen, eng eege Streamingsäit opzebauen, seet de Stephan Gehmacher. An deenen nächste Jore géing een d'Material, dat iwwerdroe gëtt, technesch an der Philharmonie realiséieren, et awer iwwert eng international Plattform diffuséieren.

"Fir et einfach ze soen: Wann d'Berliner Philharmoniker en 'Digital Concert Hall' hunn, dann ass dat eng Weltmarque, déi jidderee kennt. Déi lieft dovunner, datt Mënsche vu Südkorea iwwer Japan bis a Südamerika an Alaska op dës Offer kënnen zréckgräifen."

D'Philharmonie an den Ochestre Philharmonique du Luxembourg, kuerz OPL, wieren zwar bekannt, seet de Stephan Gehmacher. Et géing awer net duer goen, eng eege Streamingsäit am Stil vum "Digital Concert Hall" opzebauen. Dofir wier et besser, ëffentlech Plattforme wéi "Arte Concert" oder Facebook a Youtube ze notzen.

Do dernieft stellt sech och d'Fro vun den Autorerechter. Bei Concerte vum OPL wier si relativ einfach ze klären. Bei Concerte mat international bekannte Museker wier dat allerdéngs méi schwiereg.

Traditioun ass wichteg

Trotz alle Méiglechkeeten, déi d'Zukunft bitt, seet de Stephan Gehmacher, datt eng gewësse Konstanz bäibehalen gëtt.

"Natierlech gëtt et och eng Géigebeweegung zu der Weiderentwécklung, an ech mengen, datt dat an der Programmatioun genee sou wichteg ass. Et muss een och Traditiounen erhalen. An dat ass fir een Organisateur vu Concerten a fir een Orchester genee esou wichteg, wéi sech dauernd z'erneieren."

Dofir gëtt zum gréissten Deel um Kader vun de Concerte geschafft, net awer um Inhalt. E Grondsaz vun der Philharmonie ass et nämlech, d'Musek esou onverfälscht wéi nëmme méiglech ze presentéieren.