Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Mainstream säin eegene Flow fannen

Turnup Tun

Am Mainstream säin eegene Flow fannen

Mat e puer spuenesch inspiréierten Akkorden annoncéiert sech déi nei Single vum Tun Tonnar, alias Turnup Tun. "Mamacita" heescht den Titel an et wonnert een sech: E Summerhit matzen am Dezember? Och net méi ongewéinlech wéi eng WM-Final kuerz viru Chrëschtdag. d'Mineursnouten - d'Geschicht vun der Mamacita ass just nach eng Erënnerung.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Den Track ass e Virleefer vun engem neien Album, deen am Abrëll erauskënnt. An och dee soll e bësse méi nodenklech a perséinlech ginn. Fir déi nei Téin unzeschloen, huet den Tun Tonnar sech fir d'éischt emol eng nei Method fir ze Komponéieren ugewinnt. Op e Loop, deen hien och emol eng hallef Stonn laang dréine léisst, gëtt improviséiert, Texter, mee och Melodien. Hien tässelt Couchen openeen a gläichzäiteg dréit hien d'Couchen eng no där anerer of, bis hien op eppes stéisst, wat fir hien authentesch kléngt.

Fréier huet hie mat engem virgefaasste Konzept geschafft, sech en Theema erausgesicht oder e Genre, eemol e Summerhit wéi "Cuba Libre", eng aner Kéier en Opreeger wéi "Fck Lxb". Dës Kéier huet hien d'Konzept op der Säit gelooss. Op der neier Plack geet et ëm Bezéiungen "zu Mënschen, déi mer wichteg sinn" an ëm "Dämonen, déi jiddereen an sech huet", wéi den Tun Tonnar am Interview erkläert.

De kommerziellen Aspekt steet net am Virdergrond

Hien ass sech bewosst, datt hien domat ënner Ëmstänn net esou e grousse Publikum uschwätzt, wéi mat sengem Hit "Schëdden" vun 2019. Mainstream wier seng Musek trotzdeem - och "Mamacita" variéiert d'Codë vum Genre, stellt se awer net a Fro. Am Clip danzt eng jonk Fra am geblummelechte Rack duerch eng Summerlandschaft. Sou oder sou änlech huet een dat scho gesinn - just zu Lëtzebuerg villäicht nach net esou dacks.

D'Streaming-Zuele vu "Mamacita" huet hie ganz genee am Kapp: 1.500 Streams an enger Woch sinn et, nach net säi bescht Resultat, wéi hien éierlech zougëtt. Natierlech wéilt hien, datt seng Musek bei de Leit gutt ukënnt, de kommerziellen Aspekt stéing awer net am Virdergrond: "Soss hätt ech och kënnen en Album maachen op deem all Lidd Schëdden 2.0 ass."

D'Prioritéit ass d'Produzéieren

Souwisou ass op laang Siicht de Plang fir sech méi op d'Museksproduktioun ze konzentréieren, en Handwierk, dat den Tun Tonnar zu Berlin studéiert huet. Rezent huet hie mam CHAiLD geschafft, awer och d'Jana Bahrich vu Francis of Delirium war op Besuch am Studio, fir an där Sessioun beim Songschreiwen eng Hand unzepaken. Zu Lëtzebuerg géifen et esou vill Talenter, mengt den Tun Tonnar, an hie wëll säin Deel dozou bäidroen, datt se sech ënner enee vernetzen. Matenee schaffen amplaz géinteneen. Et spiert een am Gespréich seng Begeeschterung fir déi Vermëttlerroll a seng Iwwerzeegung, dass et virun allem den Austausch ass, deen d'Musekszeen beräichert.

Et gëtt awer och en anere Grond, firwat him d'Plaz hanner dem Mëschpult méi interessant schéngt wéi déi op der Bühn. "Als gudde Produzent huet ee besser Chancë bekannt ze ginn a säi Liewe mat Musek ze verdéngen." Als Artist muss een alles op eng Kaart setzen, als Produzent kann ee vill Kaarten ausspillen.

Lëtzebuerger Musek als Mark am Ausland promoten

Professioneller aus dem Berliner Museksmilieu, deenen hie seng Produktioune virspillt, géife sech iwweregens dacks am meeschte fir d'Titelen op Lëtzebuergesch interesséieren, "well dat eppes ass, wat se nach ni héieren hunn." D'Fro ass a wéi wäit d'Lëtzebuerger Musek och laangfristeg am Ausland e Publikum fanne kann, onofhängeg vum Iwwerraschungseffekt. Den Tun Tonnar verweist heifir op den hollänneschen Hip-Hop, deem et gelongen ass eng Mark ze entwéckelen, fir déi et mëttlerweil eng Nofro gëtt, och iwwer den nationale Marché eraus.

Den Tun Tonnar ass sech sécher, datt et net méi laang dauere wäert, bis enger Lëtzebuerger Artistin oder engem Lëtzebuerger Artist den internationalen Duerchbroch geléngt. "Wann een et packt, da wäert en Damm briechen."