Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Youth Lagoon - Idaho Alien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Archetyp vum Grand Opéra

Klassik-CD vun der Woch

Archetyp vum Grand Opéra

Dem John Osborn geléngt et mat der Oper "Le Prophète" vum Giacomo Meyerbeer eng beréierend Interpretatioun vum Wiedertäufer-Prophéit Jan de Leiden ze vermëttelen. Een interessante CD-Set vum Live-Optrëtt.

auto_stories

3 min

CD: Le Prophète, vum Giacomo Meyerbeer

Label: Oehms Classics

Wierk: Oper Le prophète

Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten:

John Osborn, Marianne Cornetti, Lynette Tapia, Albrecht Kludszuweit, Pierre Doyen, Opernchor, Extrachouer & Kannerchouer vum Aalto-Musiktheater, Essener Philharmoniker, Direktioun: Cuiliano Carella.


Eng Geschicht mat Konflikter a reliéisem Hannergrond

Hannergrond vum Giacomo Meyerbeer senger Oper "Le Prophète" ass d'Geschicht ronderëm eng Revolt zu Münster, no där de Jan van Leiden sech als Kinnek kréine léisst. Dat sougenannten "Täuferreich von Münster" war an den 1530er Jore gepräägt vun der radikaler Herrschaft vun den Anabaptisten, de Wiedertäufer, déi ënnert der Leedung vum Jan van Leiden an engem Klima vun Terror verwalt goufen. D'Protagonisten an der Oper sinn zum gréissten Deel vun de Librettisten Eugène Scribe an Émile Deschamps erfonnt. Ausnam sinn d'Figure vum Jan van Leiden a Jan Matthys. De Matthys, deen de Kinnek van Leiden gedeeft an als "Apostel" op Münster geschéckt hat, gouf am Abrëll 1534 vu Landskniecht ëmbruecht. Historesch beluecht ass och d'Episod, an där sech de Jan van Leiden am September 1534 zum Kinnek Johannes den Éischten ernannt huet.

Dat theatralescht Enn vun der Oper, de Brand an de Verfall vum Schlass vu Münster, ass allerdéngs fräi erfonnt.

"Le prophète", eng Inspiratiounsquell

D'Oper "Le Prophète" vum Giacomo Meyerbeer ass, genee wéi déi fréier Operen "Robert le Diable" a "Les Huguenots", am Genre Grand Opéra anzestufen. Wéi dacks zerwéiere sech d'Auteuren un historeschen Episoden a Reliounskonflikter mat epeschem Charakter.

Nodeems d'Uropféierung de 16. Abrëll 1849 an der Paräisser Oper e groussen Erfolleg war, ass d'Wierk am Laf vum 19. Joerhonnert uechtert d'Welt op d'Affichë vun den Operenhaiser geholl ginn. "Le Prophète" an och déi aner Opere vum Meyerbeer hu Komponiste wéi de Richard Wagner beandrockt an zu eegene Kompositiounen an dem Genre inspiréiert. Leider sinn d'Opere vum Meyerbeer um Enn vum 19. Joerhonnert lues a lues vun de Bühne verschwonnen.

Fazit

Dem John Osborn geléngt et eng beréierend a stëmmlech gesonnt Interpretatioun vum Wiedertäufer-Prophéit Jan de Leiden ze vermëttelen. D'Marianne Cornetti als Mamm vum Prophéit, déi hei quasi de ganze véierten Akt op hire Schëlleren dréit, liwwert eng gutt Performance. D'Sopranistin Lynette Tapia erweist sech an de kristallklore Koloraturen als eng sécher Roll fir d'Berthe. De Chouer weist eng staark sécher Präsenz, während d'Essener Philharmoniker mam Giuliano Carella dëse Brocke vun iwwer dräi Stonne brillant bewältegen. Och wann d'Klangqualitéit vun dëser Live-Opnam vun Abrëll a Mee 2017 net un déi vun enger Studioopnam erukënnt, ass dësen CD-Set interessant. Engersäits wéinst der herrlecher Musek vum Meyerbeer, mee och duerch d'Raritéit vun den Aspillunge vun dëser kolossaler Oper.