Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bach, dee rockt

Klassik

Bach, dee rockt

De Pascal Schumacher kennt een éischter aus der Jazz-Musek. Viru kuerzem huet de Vibraphonist awer um Klassikprojet "ÜberBach" matgeschafft. Ee Projet, iwwer de Johann-Sebastian Bach, "mat Plazen, wou et einfach rockt." Ee Gespréich.

auto_stories

2 min

Pascal Schumacher

"ÜberBach" heescht d'CD, deen de Vibraphonist Pascal Schumacher zesumme mam Komponist Arash Safaian, mam Pianist Sebastian Knauer a mam Züricher Kammerorchester realiséiert huet. Derbäi huet den Arash Safaian Kompositioune vum Johann-Sebastian Bach verschafft a moderniséiert.

Den Arash Safaian hätt sech mat dësem Projet wäit aus der Fënster geluecht, erzielt den Pascal Schumacher. "ÜberBach" géif de klassesche Bach an een anert Format setzen an de Kompositiounen eng rockeg Touche ginn. Dat hätt an den "hardcore zäitgenëssesche Musekskreesser" net jidderengem gefall.

D'Kiischt um Kuch

Als Basis hätt de Komponist méi oder manner bekannte Melodië vum Johann-Sebastian Bach benotzt, si anescht arrangéiert an nei, eegestänneg Stécker gemaach. "Wann een einfach eralauschtert a sech net extrem domat beschäftegt, mengt een do leeft iergend ee Bach." Dat wier awer net de Fall, betount de Pascal Schumacher. D'Stécker géifen duerch de Vibraphon an den Héichten, an ee Synthesizer an den Déiften ënnermoolt ginn

D'Haaptgesiicht vum Projet wier de Pianist, de Sebastian Knauer, erzielt de Pascal Schumacher. "De Vibraphon ass dat klengt Extra, dat bei der Hallschent vun de Stécker derbäi ass", esou de Vibraphonist. Fir de Komponist Arash Safaian, wier de Vibraphon de "Kronleuchter vum Piano." Well e méi héich Frequenzen a sengem Klangbild hätt, wier de Vibraphon wéi eng Extensioun vum Piano. "Wéi d'Kiischt um Kuch", ënnersträicht de Pascal Schumacher.

Klassesch Musek an der Kris

Duerch dëst Arrangement, géifen et Plaze ginn, "wou et einfach rockt", seet de Vibraphonist. Dat wier eng Touche, déi der klassescher Musek gutt géif doen, mengt den Pascal Schumacher. D'Charts ginn him Recht: Zënter der Release ass "ÜberBach" an den däitschen Charts. Déi klassesch Musek bräicht Konzepter, wéi dëst: Si wier an enger Kris a misst sech erneieren. "Et kann een net mat der 999. Versioun vun engem Meeschterwierk en neie Public begeeschteren", betount de Vibraphonist.

De Pascal Schumacher huet dann och weider Projeten an der Pipeline: Esou krut hien zum Beispill vum Orchestre de Chambre du Luxembourg eng Commande fir ee Geieconcerto.