Resonanzen-Special Bach in the Subways 2019

Den 21. Mäerz 2010 sëtzt den Cellist Dale Henderson an enger Metrosstatioun zu New York a spillt Bach. Et dauert net laang, an de Museker fënnt Kolleegen, déi matmaachen. Aus där spontaner Aktioun huet sech bannen e puer Joer eng international Initiativ ronderëm de Gebuertsdag vum Thomaskantor entwéckelt: Bach in the Subways.

Luc Boentges

Bach in the Subways

Antëschent ass och Lëtzebuerg vum Bach-Virus ugestach, an de radio 100,7 war dëst Joer Deel vu Bach in the Subways. Fir dem Johann Sebastian Bach säin 334. Gebuertsdag ze feiere spillt d'Anne Clement dräi Stécker vum Komponist op der Blockflütt an och der Viola da Gamba.

Dat éischt Stéck ass en Extrait aus der Partita BWV 997.

Gigue et Double


Iwwer Musek, déi ronn 300 Joer al ass, gëtt vill spekuléiert. Wéi geet ee beim Astudéieren vun esou ale Stécker vir? Wat soen engem d'Quellen? D'Anne Clement gëtt en Abléck.

Interview Anne Clement


De Rosch Mirkes vum Ensembel Ad Libitum ass ee vun den Organisateure vu Bach in the Subways zu Lëtzebuerg an ass och selwer musikalesch bedeelegt. Am Gespréich mam Guy Engels schwätzt hien ënner anerem iwwer seng Andréck vum Dag, d'Problemer an der Perceptioun vum Bach senger Musek an ob dem Bach seng Musek iwwerhaapt nach muss promovéiert ginn.

Interview Rosch Mirkes


Zweeten Organisateur vu Bach in the Subways zu Lëtzebuerg ass d'INECC, den Institut Européen de Chant Choral. Do dernieft ass d'INECC och aktiv mat engem Bach-Quartett an engem Bach-Chouer involvéiert. D'Elisa Baiocchi verréit, wéi dës Offer ukomm ass, a wéi et an Zukunft mat Bach in the Subways virugeet.

Interview Elisa Baiocchi


Als Ofschloss huet d'Anne Clement e weidert Stéck vum Johann Sebastian live interpretéiert. Dës Kéier allerdéngs op hirer Viola da Gamba.

Méi zum Thema

Anaïs Gaudemard & Klasse Europaschoul
Schoulprojet

Kanner aus der Europaschoul hunn eng Harfenistin an der Philharmonie getraff a mat hir e Gespréich geféiert. Eng Zesummenaarbecht vun dëser Schoul, der Philharmonie an dem radio 100,7.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen