Radioen

On air

Resonanzen  |  Richard Strauss (arr. Peter von Wienhardt) - Kleines Scherzino Nr.4, Op. 3 - Arabella Steinbacher (Gei), WDR Sinfonie Orchester, Lawrence Foster (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beethoven. Unsterbliches Genie

BD iwwer de Beethoven

Beethoven. Unsterbliches Genie

Virun e puer Joer sollt de Peer Meter parallel zu enger Dokuserie iwwer klassesch Museker kuerz BDen zesummestellen. An och wann dëse Projet schlussendlech am Sand verlaf ass, ass de Sujet Beethoven beim Auteur hänke bliwwen. Zesumme mam Zeechner Rem Broo huet de Peer Meter elo de Graphic Novel "Beethoven. Unsterbliches Genie" beim Carlsen-Verlag erausbruecht. Et ass eng batter an däischter Komedie voller Kontraster, déi een dozou bréngt, säin eegent Bild vum Komponist a Fro ze stellen.

auto_stories

4 min

Wien, den 28. Mäerz 1827 um 9 Auer Moies. E gewëssenen Här Louis Lefèbvre ass op der Sich nom Beethoven. Stolz wéi e Gockel steet hie virun der Dier zu engem Bannenhaff, an deem zwou Frae grad Hénger plëmmen. Hie wier ee vun deene gréisste Veréierer vum Beethoven, an hie wéilt näischt aneschters, wéi just eng kleng Widmung op senger Partitur vun der "Eroica", dem Beethoven senger drëtter Sinfonie.

Blöd just, datt hie virun der falscher Paart steet. Nodeems hien eng nei Adress krut, geet et fir den extra aus Paräis ugereeste Beethoven-Fan also an d'Bannestad vu Wien. Mee och hei: keng Spuer vum Beethoven. Iwwer zéng Säiten zitt sech dës Odyssee, bis de Louis Lefèbvre endlech dem Komponist seng aktuell Wunneng fënnt. Just fir da festzestellen, datt de Ludwig van Beethoven well zanter zwee Deeg dout ass.

Witz, Ironie a vill recherchéiert Detailer

Et ass den Ufank, dee vum Prinzip hier well de Grondstee fir de Rescht vun der BD leet. De Lefèbvre ass eng fiktiv Persoun, déi sech an engem Ëmfeld beweegt, dat voller recherchéierten Detailer iwwer dem Beethoven säi Liewen ass. Tatsächlech ass de Komponist nämlech vill an a ronderëm Wien hin an hier geplënnert.

Gläichzäiteg ass d'BD gefëllt mat Ironie a Witz, wat eleng well den Titel a Kombinatioun mam Ufank beweist: "Beethoven. Unsterbliches Genie" geet lass mam Doud vum Komponist. An tatsächlech kritt een de richtegen, de liewege Beethoven an dëser BD keng eng Kéier ze gesinn.

Verschidde Vuen

Wat ee gebuede kritt, sinn Erzielungen iwwer de Komponist, déi sech wéi Dag an Nuecht ënnerscheeden. Wärend deen ee Protagonist bei engem historesch wichtegen Ament am Beethoven sengem Liewe wëllt dobäi gewiescht sinn, wëllt een anert näischt méi vun deem ruppegen, deels verwirrten ale Mann méi wëssen.

Wärend sech d'Protagonisten am Beethoven senger Wunneng, respektiv an der Residence an do virdrun treffen, erzielt jiddweree seng eege Vue op de Komponist. All dës Flashbacke ginn doduerch verdäitlech, datt de Stil vun der Zeechnung an d'Faarwe wiesselen.

D'Bild verdäitlecht d'Geschicht

Genee esou ënnerschiddlech d'Erzielungen iwwer de Beethoven sinn, genee esou faarweg ginn dës och duergestallt. Eng Kéier erlieft een de Beethoven bei der Uropféierung op der Bün vun der 9. Sinfonie, eng aner Kéier gesäit een hie mat opgelafenem Bauch op sengem Stierfbett leien, wärend hie sech iwwergëtt. Mat all Geschicht ännert sech de Stil an d'Faarfpalett vun de Biller.

Gekoppelt ass dëst alles mat herrlech villen Detailer aus dem Beethoven sengem Liewen an Ëmfeld. Bal genee esou vill Spaass wéi d'Liese vun der BD, mécht d'Nosiche vun dësen Detailer. Sief et en Original-Zitat vum Beethoven, iwwer dat een an enger vun den Erzielunge stolpert, e Sträit tëschent zwou Sängerinnen oder d'Behandlung, déi de stierweskranke Komponist vum Dokter krut.

Ass et haut anescht?

Jiddwereen an der BD wëllt op iergend eng Aart a Weis eppes mam Komponist ze di gehat hunn. Jiddweree wëllt sech ervirhiewen, andeems hie sech dem Beethoven mat enger Geschicht appropriéiert. Dobäi scheit den Auteur och net d'Appropriatioun op eng makaber Aart a Weis wuertwiertlech mat an d'Geschicht erafléissen ze loossen.

An no an no stellt ee sech als Lieser och d'Fro, ob et haut bal 250 Joer nom Beethoven senger Gebuert anescht ass wéi an der BD, zwee Deeg no sengem Doud. Grad an enger Zäit, wou dem Beethoven säi Gebuertsdag gefeiert gëtt, hiewe sech net nëmme Kënschtler, mee och Institutiounen a ganz Stied mam Komponist ervir. An och wann haut villes op der Fuerschung baséiert, bleift ëmmer nach d'Fro: Wie war de Beethoven wierklech?

E Broch mam eegene Bild

Am Endeffekt kritt een duerch d'Festivitéiten, Bicher an Interviewe mat Kënschtler lauter verschidden Interpretatioune proposéiert, aus deenen ee sech da säi ganz eegent Bild formt. E Bild, dat duerch déi eenzel Erzielungen, déi zum Deel krass ënnerschiddlech Vuen an den Opbau vun der BD "Beethoven. Unsterbliches Genie" riskéiert ze briechen, oder op d'mannst verännert ze ginn.