Radioen

On air

Tockcity  |  Two Door Cinema Club - Happy Customers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beim Ufank vum N fänkt de Wee un

Debut Album vu Lëtzebuerger Rapperin

Beim Ufank vum N fänkt de Wee un

Rap ass zu Lëtzebuerg nach ëmmer eng Chasse gardée vun de Männer. D'Nicool kënnt, fir dat ze änneren. De 7. Juni presentéiert déi jonk Rapperin hiren Debutalbum "Den Ufank vum N".

auto_stories

2 min

Déi kleng Saachen aus dem Alldag sinn de Stoff, aus dem d'Nicool hir Texter wieft. "Ech hunn einfach sou ugefaange mat Schreiwen (...) an ech hätt ni geduecht, datt dat iwwerhaapt en Album gëtt."

D'Nicool huet scho Musek gemaach, éier si zum Hip Hop koum. E Concert vum R.A. the Rugged Man wier den decisive Moment gewiescht, seet si. "Ech war einfach owes sou motivéiert, datt ech mech direkt dohi gesat hunn an deen éischten Text ugefaangen hu mat schreiwen." Zanterhier hätt si ëmmer e Bic an e Blat dobäi.

Am Hariko zu Bouneweg hätt si un engem Workshop deelgeholl an hätt doduerch Kontakt zum Läbbel kritt, déi elo den Album erausbréngen. "Et war eng Saach, déi ech wollt. A wann een eppes wëllt am Liewen, an et steet een hannendrun, da klappt dat."

Zu Lëtzebuerg ass Rap nach ëmmer e Männerdomaine. "Mee dat heescht net, datt mir net genee sou capabel si fir Hip Hop ze maache wéi d'Männer." Jonk Rapperinne wéi d'Evy géife weisen, datt d'Fraen och zu Lëtzebuerg um komme wieren. "Ech mengen a fënnef Joer ginn et der vill méi." D'Evy wäert d'Nicool bei hirer Release am Gudde Wëllen begleeden.

Wéi et no der Verëffentlechung vum Album weidergeet? "Wéi ech et ugekënnegt hunn, et ass den Ufank vum N, mäi Wee hält sécher nach net net do op. Mee wou genee en hiféiert, kann ech nach net soen."


De 27. Mee war d'Nicool Invitée beim Marc Clement an der Emissioun Spektrum

Lauschterenplay_arrow