Radioen

On air

De Moien  |  Money Mark - Pick Up The Pieces

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Kompilatioun wéi eng Kompositioun

Brad Mehldau: 10 Years Solo Live

Eng Kompilatioun wéi eng Kompositioun

De Brad Mehldau ass ee vun deene beschten a bekanntesten aktuelle Jazzpianisten. Seng Inspiratioune geet hien sech net nëmmen an der Welt vum Jazz sichen, mee hien orientéiert sech och un der Rock-Pop-Musek an un der Klassik. Op "Ten Years Solo Live" si Stecker vu Concerten vu Paräis, Roum, London, Wien, an awer och vu Lëtzebuerg ze fannen.

Luc Boentges / ckl

auto_stories

4 min

Den Amerikaner Brad Mehldau huet seng Kompliatioun bei Nonesuch Records rausbruecht

Och wann "Ten Years Solo Live" eng Kompilatioun vu Concerten aus de leschten zéng Joer ass, huet een net d’Gefill einfach nëmmen zesummegewierfelt Stécker ze héieren. De Brad Mehldau huet sech vill Gedanken iwwert d’Auswiel an d’Reiefolge vun de Stecker gemaach. Et kéint ee souguer soen, datt hie mam Album wéi mat enger Kompositioun ëmgaangen ass, andeems hien all Stécker wéi Nouten an ee grousst Wierk agebaut huet.

Déi véier CDen aus dem Coffret stinn ënner verschiddenen Themen: 

  • Dark/Light
  • The Concert
  • Intermezzo/Rückblick
  • Mi-Mineur / Mi-Majeur

Bei Dark/Light schwätzt de Mehldau vum Kontrast tëschent den düsteren an hellen emotionalen Energien déi en ëmmer erëm probéiert a seng Concerten anzebauen. D’Stecker sinn hei zu zwee an zwee matenee verbonnen. Dat éischt Stéck: Dream Brother vum Jeff Buckey ass wierklech düster, et héiert ee vill grommeleg Accorden am Bass, an och wann de Mehldau mat senge Soloen dozou en helle Kontrast setzt, bleift de Grondcharakter vum Stéck däischter. Direkt dono fënnt een d’Stéck Blackbird vum John Lennon a Paul McCartney, wat sech quasi net am Bass ofspillt a vum Charakter vill méi frëndlech ass.

Och un den Tounarten erkennt ee wéi vill Gedanken sech de Mehldau gemaach huet fir d’Stécker auszewielen an zesummenzesetzen. Dat éischt Stéck steet a Sol Mineur, dat zweet a Sol Majeur. Domadder stellt hien net nëmmen e Kontrast hier, mä weist och op d’Verbindung tëschent den düsteren an helle Stecker andeems hien se sou koppelt, dass se de selwechte Grondtoun hunn.

"Rückblick": méi wéi e Bléck an d'Vergaangengeet

Um drëtten Disque „Intermezzo/Rückblick“ fënnt een ënnert anerem Stécker aus de Joren 2004/2005. Ënner „Rückblick“ versteet de Mehldau net nëmmen e Bléck an d’Vergaangenheet, mä och eng Neibewäertung vum Vergaangenen. Inspiréiert huet hien sech um zweetleschte Saz aus dem Johannes Brahms senger drëtter Pianossonate. Ënnert dem Titel Intermezzo lued de Brahms d’Nolauschterer an, op dat zeréck ze kucken, wat an de Sätz virdrunner geschitt ass, éiert en sech op de leschte Saz zoubeweegt. Dësen Effekt erreecht de Mehldau andeems en tëschent deene Stecker vun 2004/2005, der aus dem Joer 2011 asetzt.

Mat engem Stéck vun 2011 geet et dann och um leschten Disque wieder. Doduerch, datt dat läscht Thema „Mi-Mineur/Mi-Majeur“ ass, schléit hien eng Bréck zeréck op den éischten Disque. Et geet em Kontraster. Dës Kéier awer méi genee ëm d’Géigesätz tëschent Tounarten. Och hei huet sech de Mehldau rëm explizit um Brahms orientéiert. Op der drëtter Plaz vum Disque steet dem Brahms säin Intermezzo a Mi-Mineur Op.119 Nr.2, e Stéck an deem ebe genee mat den Tounarte Mi-mineur a Mi Majeur gespillt gëtt.

E Kontrast zu dacks banalen Best-Of-Alben

Dem Brad Mehldau säi Coffret „Ten Years Solo Live“ steet an engem staarke Kontrast zu deenen dacks banalen a kommerzielle Best-of Alben déi een sou gewinnt ass. En ass net nëmmen eng gutt gelonge Retrospektiv op zéng Joer Soloconcerten, mä duerch d’thematesch Opdeelung an d’Reiefolge vun de Stécker ass et gelonge fir an all eenzel CD e sënnvolle Spannungsoflaf ze creéieren an e Bou vum éischte bis zum leschten Disque ze schloen.

D’Kontrast-Thematik déi een a bal all Sonate fënnt, de Spannungsverlaf bannent den eenzelnen Disquen, d’explizit Referenzen op de Johannes Brahms an d’Andeelung a véier verschidden Themen deiten all drop hin, dass de Brad Mehldau mat sengem Coffret eng eege Sonate komponéiert huet.