Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Doubt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brass Band vum Escher Conservatoire mam Alexis Demailly

Klassik

Brass Band vum Escher Conservatoire mam Alexis Demailly

Traditionell ass op Stiefesdag an der Escher Dekanatskierch de Concert vun der Brass Band vum Conservatoire vun Esch. Eng weider Traditioun vun dësem excellenten Orchester ass et, e prominente Solist z'invitéieren, dee wuel och aus der klassescher Musekszeen kënnt.

auto_stories

3 min

Alexis Demailly

Dëst Joer huet den Alexis Demailly, op Invitatioun vum Dirigent Guy Conter, zesumme mat der Brass Band an der Sankt Joseph Kierch e Programm zesummegestallt. E Concert, deen all Joers bei enger voller Kierch gespillt gëtt. Dëst Joer si Wierker vu Bach, Mahler, Gervaise a Prokofiev um Programm, grad ewéi zäitgenëssesch Kompositioune vun Tom Davoren, Andy Scott oder och William Himes.

De Solist vum Owend Alexis Demailly ass e bekannte Cornettist an Trompettist vu Paräis. Geléiert huet hien ënnert anerem am Conservatoire vu Lille wéi och am faméise Conservatoire Supérieur de Paris. Mëttlerweil ass hien Trompette-Solo am "Orchestre National de l'Opéra de Paris" wéi och Solo-Cornet an der Paris Brass Band. Weider trëtt hien ënnert anerem viru grousse Symphonieorchesteren op als Solist, an ass och um Marché vun den CD-Opnamen ze fannen.

Brass Band weider op héijem Niveau

2014 waren déi grouss Feierlechkeete vun der Brass Band vum Escher Conservatoire, déi am Kader vu Concerten an Ausstellungen hir 40 Joer gefeiert huet. D'Brass Band ass also an de 70er Joeren entstanen op Initiativ vum fréieren Direkter vum Escher Conservatoire Fred Harles. D'Zil war et, en Orchester an d'Liewen ze ruffe nom britesche Modell vun der Brass Band, an de jonke a manner jonke Studenten op Blechinstrumenter dat sougenannte "kultivéiert Spillen", wéi de Fred Harles dat ëmmer gäre genannt huet, ze vermëttelen.

An all deene Joeren huet d'Brass Band mam Fred Harles dunn, vun 2007 un, mam Guy Conter, dëst Spillen op héijem Niveau weider gefleegt. Bewäis dofir sinn hir sëllech Concerten, national an international, Participatiounen op international Concourse wéi och Opname fir CD Produktiounen. An och fir d'Zukunft bleift d'Brass Band hire Prinzipien an Ziler weider trei, esou de Guy Conter an engem Gespréich mam Manuel Ribeiro, a wëll och weider op international Concoursen optrieden, wéi nach 2013 an der Philharmonie.

Réckbléck 40 Joer Brass Band

Viru kuerzem huet d'Brass Band vum Escher Conservatoire e grousst Buch erausbruecht, als Réckbléck op 40 Joer Geschicht vum prestigiéisen Ensemble. Ze fanne si komplett Berichter, Gespréicher an Anekdoten, eng beandrockend Unzuel vu Souveniren a Photoe vu Prouwen, national an international Optrëtter... déi en Abléck gi vun deem, wat d'Liewe vun esou engem Ensemble prägt. Weider ass och eng DVD derbäi, mat allméiglechen Detailer, Musekshighlights a Geschichtleches iwwert d'Brass Band. E Buch dat ee sech beim Escher Conservatoire besuerge kann.

De Manuel Ribeiro huet sech mam Dirigent vun der Escher Brass Band Guy Conter, ënnerhalen: