Klassik-CD vun der Woch Bruckner aus Dänemark

Mat der Opnam vum Anton Bruckner senger 8. Symphonie, zesumme mam Royal Danish Orchestra, kënnt den Dirigent Hartmut Haenchen no bal 20 Joer erëm bei de grousse Spéitromantiker.

Guy Engels

Anton Bruckner - Symphony No. 8 in C Minor
Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten: Hartmut Haenchen, Royal Danish Orchestra

  • Anton Bruckner: Symphonie Nr. 8

Genuin GEN 18622


2016 gouf et grouss Opreegung zu Bayreuth. Kuerz virun der Première vu "Parsifal" seet den designéierten Dirigent Andris Nelsons of. Et muss also Ersatz hier. Den Hartmut Haenchen iwwerhëlt an erweist sech als méi wéi nëmmen Ersatz. Banne kuerzer Zäit schafft hien d'Partitur mat Chouer, Orchester a Solisten an an iwwerzeegt mat senger Interpretatioun de Public, d'Fachpress an Direktioun vun de Bayreuther Festspiller.

D'Musek vum Richard Wagner ass dem Hartmut Haenchen net friem. Mat Mahler a Strauss spillt se eng wesentlech Roll a senger Diskographie. Duerzou gehéieren och d'Symphonien, vun deenen den Dirigent der eng Rëtsch an den 90er Joren opgeholl hat.

Ufank vun enger Integrale

Zu Bréissel an der Monnaie hat den Hartmut Haenchen ugangs des Joers dem Anton Bruckner seng 2. Symphonie opgefouert. Et war den Optakt vun enger Integrale vun de Symphonien am Concertssall an och op CD. Als éischt koum de Live-Matschnëtt vun engem Concert zu Kopenhagen mat der 8. Symphonie eraus. Den Hartmut Haenchen dirigéiert de Royal Danish Orchestra.

Dem Bruckner seng Musek kann een zelebréiere wéi eng Houmass oder, wéi den Haenchen et mécht, eng Grëtz méi séier an den Tempi huelen. Doduerch ënnersträicht den Dirigent d'Bréch, déi abrupt Themen - a Stëmmungswiessel, mat deenen de Bruckner seng Nolauschterer iwwerrascht. De Komponist schafft quasi mat musikalesche Mosaiksteng, an de Patchwork wierkt ënner der Baguette vum Hartmut Haenchenganz plastesch.

Bréch awer keng Rëss

Wann een déi - scheinbar arbiträr - Successioun vun Themen einfach uneneepecht, da ginn dem Anton Bruckner seng grouss Klangkathedrale schëtzeg onstabil. Dat brauch ee beim Hartmut Haenchen net ze fäerten. Den Dirigent huet ëmmer déi ganz Architektur am Bléck, weess, wéi een déi musikalesch Béi muss spanen. Mir hunn et hei mat engem vun der éischter bis zur leschter Nout kohärenten a spannende Bruckner ze dinn.

An der Mediathéik:

CD-Klassik / / Guy Engels
Lauschteren

Méi zum Thema

get real - rainy days 2018
Philharmonie

An enger Welt voller Fake News an Tragedië setze sech Komponisten op hir Aart a Weis mat der Wierklechkeet auserneen. Mee wat ass d'Realitéit? Ronderëm dës Fro dréie sech d'rainy days 2018.

Johannes Brahms - Intégrale des trios pour piano et cordes
Klassik-CD vun der Woch

Siwe Joer no hirem fréien Doud kommen déi lescht Opname mat der Cellistin Françoise Groben eraus: Eng Intégrale vun de Sträichertrioe vum Johannes Brahms. E vibranten Hommage un eng grouss Musekerin.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen