Radioen

On air

De Moien  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carl Davis

Musek a Film

Carl Davis

De romantesche Spionagefilm "The Mysterious Lady" vum Carl Davis ass de Freideg an de Samschdeg am grousse Sall vun der Philharmonie ze gesinn. De Luc Boentges huet am Virfeld mam weltbekannte Museker a Produzent geschwat.

auto_stories

2 min

De Carl Davis iwwer seng Relatioun zu Lëtzebuerg

Wat Lëtzebuerg ugeet, hu mir ugefaangen, d'Filmer mat Musek vun engem Orchester ze bespillen. 1987 hunn ech de Fred Junk kennegeléiert. Hien huet d'Cinemathéik matgegrënnt. 1987 huet hien an Italien e Film gesinn, zu deem ech d'Musek bäigesteiert hunn.

"The Wind" huet de Film geheescht, et war een immens avant-gardistesche Film. "Mir sichen eng Performance fir eist zéngjäregt Bestoen, kéints du dat net maachen?", huet de Fred gefrot. Hien hat "Flesh and the Devil" erausgesicht.

A sou sinn ech 1987 op Lëtzebuerg an de Conservatoire komm an et war ëmmer super. Mir hunn all Joer am Conservatoire gespillt. De Grand-Duc Héritier a seng Fra waren do, et war grouss, einfach super.

Vun engem Moment u waren d'Virstellungen ausgebucht, dofir hu mir decidéiert, zwee Concerten ze spillen. Fir mech war dat wéi eng kleng Vakanz all Joer. Elo si mir an der drëtter Ronn, "The Mysterious Lady" ass d'Lëtzebuerg-Première. Dat ass d'Geschicht, firwat ech ëmmer nees op Lëtzebuerg zeréckkommen.

Mir hunn och ugefaange sougenannt Matinée- a Familljeconcerten zeorganiséieren. Normalerweis maache mir zwee Kuerzfilmer, mee dëst Joer maache mir mat "The Kid" méi ee laange Film vum Charlie Chaplin, deen eng Stonn dauert.

Mir wäerten also gesinn, ob mir den Interessi vun de Kanner sou laang gedehnt kréien. Vläicht héiere si jo souguer fir d'éischt Kéier ee kompletten Orchester?

Ech hunn ëmmer eng gutt Zäit mam Orchester a mam Public hei zu Lëtzebuerg. Et ass ee schéinen Abschnitt vu mengem Liewen, fir ëmmer nees zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.


Bäitrag iwwer "The Mysterious Lady" vum Luc Boentges

Lauschterenplay_arrow


De Carl Davis zu senger Relatioun zu Lëtzebuerg a wéi hie bei de Stommfilm komm ass:

Lauschterenplay_arrow