CD: Caroline Goulding - Korngold & Mozart
Label: Claves 50-1808
Wierker:
- Erich Wolfgang Korngold: Concerto fir gei, opus 35 (1945)
- Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Gei n.5, KV 219 (1775)
Interpretatioun:
Interpretatioun | |
Klangqualitéit |
Interpreten: Caroline Goulding, Gei - Berner Sinfonieorchester - Direktioun: Kevin John Edusei
De Korngold, net just en Hollywood-Komponist
Ee vun deene Wierker aus där Zäit ass de Concerto fir Gei an Orchester vun 1945, dee vum bekannte Virtuos Jasha Heifetz, zwee Joer méi spéit, uropgefouert gouf. An dësem Concerto sinn eng Partie Themen aus diverse Filmmuseke vum Korngold verschafft, wéi beispillsweis: "Another Dawn in Juarez", dee mat engem Oskar gekréinten "Anthony Adverse" oder nach aus dem "The Prince and the Pauper". Allerdéngs fält engem dat bal net op, well de Korngold genee wousst, wéi hien dës Themen als Geieconcerto sollt verschaffen.
De Concerto ass a ré majeur geschriwwen, genee wéi déi bekannte Concerti vum Tchaikovsky, Beethoven oder Brahms, obwuel awer méi vum Mendelssohn sengem mi-mineur Concerto ze spieren ass.
Mee d'Kritiker ware mam Korngold sengem Concerto net ganz zaart ëmgaangen, an zemools an den USA ass de Concerto als Filmmusek erofgemaach ginn. Dëse Spéitromatismus vum Korngold, mat deem hien an den 1920er Joren Erfolleg hat, war mëttlerweil net méi gefrot. Leider sollt de Korngold ni erliewen, wéi vill Joer spéider säi Concerto eKlassiker bei de Geiiste sollt ginn.
De Mozart, dat bekanntste Wonnerkand
Genee wéi de Korngold ugangs vum 20. Joerhonnert, gouf och de Mozart vu sengem Papp Leopold extrem gefuerdert a gouf als e Wonnerkand a ganz Europa an d'Vitrinn gestallt.
Dem Mozart säi Geieconcerto "Nr. 5 KV 219", war dee leschten aus enger Serie vu fënnef. Am leschte Saz héiere mir och e Passage a Mineur Modus, an där op engem Teppech vu Bass, eng "col legno" Begleedung ze héieren ass. Dee Passage ass de Grond dofir, dat de Concerto dacks als den "Türkesche Concerto", bezeechent gëtt. Ob et sech ëm ungaresch Aflëss oder türkesch Aflëss handelt, ass och haut nach net kloer.
Fazit
D'CD dréit ronderëm déi jonk Geiistin Caroline Goulding, déi mat hiren 13 Joer mam Cleveland Orchestra opgefall war. Also nach e Wonnerkand?
Zanterdeem huet si hire Wee bei deene beschten Orchestere gemaach an huet mat Mëtt 20 dësen Disk beim Label Claves erausginn.
Virun allem iwwerzeegt de Korngold Concerto duerch d'Balance tëschent Gei an Orchester. Der Goulding hir Gei kléngt lieweg, frësch, faarweg a leidenschaftlech, ouni ze iwwerdreiwen. Hiert Spill ass waarm, flësseg mat laange Béi.
De Mozart Concerto ass relativ traditionell gehalen, ouni grouss Iwwerraschung, mee huet de Virdeel, datt och dee jonk a frësch kléngt.
Eenzege Bemol: Nees eng Opnam an där den Orchester iergendwéi synthetesch kléngt, wéi bei Opname vu Filmmusek, obwuel et keng ass.
Klassik-CD vun der Woch Caroline Goulding - Korngold & Mozart: