Fir säin éischte Concert als Artist in Residence vun der Philharmonie huet de Philippe Herreweghe seng zwee renomméiertst Ensembelen mat op Lëtzebuerg bruecht: Den Orchestre des Champs-Elysées an de Collegium Vocale Gent. Dëse Chouer ass an enger Zäit entstanen, wou den Dirigent seng berufflech Zukunft net an der Musek gesinn huet. Hie studéiert Medezinn a gëtt Psychiater. Well di al Musek awer scho fréi eng grouss Roll a sengem Liewe gespillt huet, wëll hie se als Hobby bäibehalen.
"Wou ech jonk war [...], war déi al Musek kee Beruff. Se war éischter am Amateursgesang situéiert an dat ass mir ganz entgéint komm. Ech hu mir gesot, datt ech als Amateur Bach, Schein a Schütz dirigéieren, an am Beruff Psychiater sinn."
Vum Studenten- zum Profichouer
Wärend senge Studien op der Universitéit vun Gent grënnt de Philippe Herrweghe de "Collegium Vocale Gent" als Studentechouer. Well hien esou e Perfektionist war, hätt hien den Ensembel awer relativ séier vu ronn 80 Leit op 15 reduzéiert, esou datt de Chouer e semi-professionelle Charakter krut.
"Lues a lues si meng musikalesch Aktivitéiten wärend dem Studium ganz professionell ginn. Mir hunn Tournée gemaach, CDen opgeholl asw.. Mat ongeféier 26 Joer hunn ech decidéiert, just nach Musek ze maachen an ze dirigéieren."
Mëttlerweil ass de Collegium Vocale Gent en Ensembel "à géométrie variable". De Kär besteet aus fënnef bis zéng Solisten, respektiv Sänger déi Soliste wëlle ginn. Je no Projet a Wierk gëtt de Chouer da vergréissert. E puer Deeg virum Interview hätt de Philippe Herreweghe zum Beispill dem Benjamin Britten säin "War Requiem" dirigéiert. Dofir hätt hien de Chouer op 100 Leit ausgebaut.
Ronn 50 Joer al Musek
1970 huet de Philippe Herrweghe de Collegium Vocale Gent gegrënnt. Zu där Zäit konnt ee kaum Suen mat aler Musek verdéngen, haut fënnt ee quasi an all Land professionell Ensembelen déi op historeschen Instrumenter spillen.
"Dat wesentlecht vun dëser Beweegung vun der aler Musek war schlussendlech, datt Komponisten, déi komplett an de Vergiess gerode waren, vun deenen ee just den Numm kannt huet, elo gespillt ginn. [...] Et ass, wéi wann et e Musée géing ginn, bei deem een d'Dier vum Späicher op mécht an e Rembrandt fënnt."
"Ech si kee Fanatiker vun der Barock-Musek"
Entgéint deem, wat een denke kéint, wier de Philippe Herreweghe kee Fanatiker vun der Barock-Musek. Hie wier just un de Komponisten interesséiert, net un der Epochen u sech.
"Ech fannen datt de Barock eng Epoch ass, déi an der musikalescher Qualitéit éischter arem ass. Et gëtt vill Musek, mä vill liicht Musek, déi e bësse wéi Mainstream eriwwer kennt. A menger Meenung no gëtt dës Musek munchmol ze vill gespillt."