Album vun der Woch D'Charlotte Gainsbourg brécht ee laange Silence

Op hirer véierter Soloplack séngt d'Charlotte Gainsbourg fir d'éischte Kéier hir eegen Texter. "Rest" mécht Chanson, Pop an Elektro zu engem Auteurefilm. An dat mat enger Finesse, déi verféiert.

Marc Clement / fk

Charlotte Gainsbourg
Charlotte Gainsbourg (Foto: picture alliance / Britta Pedersen/dpa-Zentralbild/ZB)

Iwwerflächlech gesinn ass "Rest", deen neien Album vun der Charlotte Gainsbourg, genee dat, wat ee vun hir erwaart oder virausgesot hätt. De Beck Hansen hat déi viregt Plack, "IRM", 2009 mat hir zesumme produzéiert a geschriwwen. Der Charlotte Gainsbourg hiren Debut, eng Zesummenaarbecht mam Jarvis Cocker vun der Brit-Pop Band Pulp an dem franséischen Duo Air, war dräi Joer virdrun.

Op "Rest" kommen zwee méi hefteg Bridder vum Elektro un d'Rei. Den Titeltrack ass eng Collaboratioun mam Guy de Homem Christo, eng Halschent vun Daft Punk. Um Rescht vum Album huet d'Charlotte Gainsbourg mam SebastiAn, bekannt vu sengem 2011er Elektrohouse Album "Total", zesummegeschafft.

Texter iwwert Trauer

Fir d'éischte Kéier séngt d'Charlotte op dëser Plack hir eegen Texter. Iwwert hire Papp Serge an deem säin Doud 1991 an hir Hallefschwëster Kate, déi sech viru véier Joer no laangem an heftegem Alkoholismus aus der Fënster geworf huet. Si brécht domat ee laange Silence.

Mat der Advance Single vun der Plack "Rest" weist sech dann awer alles anescht. Eng duuss Produktioun, déi wuel elektronesch ass, mä dat wéi mat engem Dämpfer, enger dompfer Bassdrum a gepräägt vu Minimalismus. D'Charlotte séngt vun der grausamer Onopgeléistheet vun der Trauer no engem Stierffall.

Net ze séier veruerteelen

Beim éischte lauschtere vum Album Opener kritt een, wéi iwwregens bei villen Titelen op dësem Album, d'Gefill, datt d'Melodien, déi de SebastiAn an d'Charlotte Gainsbourg fir dësen Album geschriwwen hunn, vläicht e bëssen ze vill einfach opginn. Datt een den Album net ze vill séier veruerteele soll, weist eng kleng Finess am drëtte Refrain: D'Bass Drum, déi an den Déifte verschwënnt, an d'Stëmm, ëmspullt vu grousse Straicher, an de Mëttelpunkt setzt. Dëse klengen, effikassen Trick werft säi Schied viraus op bal all d'Refraine vun der Plack. Déi hunn all iergendwou eng kleng ongewéinlech Touche, oder Stëmmpolyphonien.

Justesse a Finesse, déi verféieren

De Museksblog Pitchfork schreift, "Rest" wier e perséinleche Seuil a monumentaler Form, grouss agepaakt a riseg Arrangementer. Dat war awer guer net mäin Androck. D'Einfachheet fänkt beim zweete Lauschteren un ze verféieren. Eng gewësse Justesse a Finesse maachen, datt den Nolauschterer eragezu gëtt. "Rest" verdéngt op d'mannst eng Stonn vun engem rouegen Nomëtteg am Dezember. De Charme ass eng Saach, d'Maturitéit an d'Intelligenz vun der Charlotte Gainsbourg hiren Aussoen, ass eng aner Saach. D'Gainsbourg positionéiert hir Kanner an d'Iddi vu Mamm-sinn tëscht déi grouss Libertine vun de 60er a 70er, d'Technogeneratioun an eng nach oppen Zukunft.

"Songbird in a Cage" ass donieft eng Kompositioun vum Paul McCartney, déi d'Charlotte Gainsbourg fir den Album geschenkt krut.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Cristobal and the Sea
Album vun der Woch

"Exitoca" heescht den neien Album vu "Cristobal and the Sea". Eng Formatioun, déi deels zu Lëtzebuerg entstanen ass a mëttlerweil beim renomméierte Label "City Slang" ënner Vertrag ass.

Grizzly-Bear-Tom-Hines-1A7A7954-L.jpg
ALBUM VUN DER WOCH

De fënneften Album vun der US-amerikanescher Indie-Rock-Band weist sech Schicht fir Schicht, Stëmmung fir Stëmmung, Dag fir Dag. "Painted Ruins" besteet aus originelle Rhythmen a vill Synthesizeren.

D'Kënschtlerin "Bedouine"
Album vun der Woch

Déi armenesch Musekerin Azniv Korkejian ass a Syrien opgewuess. Hire Kënschtlernumm "Bedouine" ass och den Titel vun hirem Debutalbum, op deem lëftegen an awer engagéierte Songwriting ze héieren ass.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen