“Éischtens hunn ech alleng méi Angscht. Et ass ëmmer méi flott zu puer do ze stoen. Musek ass eppes, wat een tendenziell zesumme mécht, wou ee matenee spillt. Wann een alleng ass, ka mol eppes aus der Situatioun eraus entstoen, awer d’Iwwerraschunge si méi kleng wéi wann een zesumme spillt,” sot d’Musekerin am Gespréich virum Concert. “Ech schreiwen d’Lidder schonn alleng, da muss ech net och nach alleng op der Bühn stoen. Ausserdem funktionéiert déi roueg Musek net an all Kader.”
An de Rotonden hunn hir politesch engagéiert Protest-Songs Public gepaakt. Lauschtert déi integral Opnam vum Concert am Stream:
D’Claudine Muno huet virum Optrëtt kloergestallt, dass si keng fervent Verdeedegeri vum Sangen op Lëtzebuergesch ass. “Wéi ech kleng war hunn ech gär Stephan Eicher gelauschtert. Ech hunn dat grad gutt fonnt, dass hien op lauter Sprooche gesong huet. Op Däitsch, Schwyzerdütsch, Franséisch, Englesch, an d’Lidder ware komplett verschidden, wann hien d’Sprooch gewiesselt huet. Bei verschiddene Lidder probéieren ech, dass ee se och ka lauschteren, wann een den Text net versteet.”
All zwee Méint kann een d’Claudine Muno am Café Rocas am Kader vun der Lesebühne héieren, déi si zesumme mam Auteur Francis Kirps organiséiert. “Do spillen ech ëmmer zwee bis dräi Stécker, an ech probéieren all Kéiers een neit ze hunn. Meeschtens sangen ech op Lëtzebuergesch, well et virun allem ëm d’Texter geet. Meng Lidder ginn ëmmer beaflosst vu menger Laun, an ech sinn am Moment zimlech rosen. Mech reegt villes op, an dat muss eraus, soss géif ee platzen. Leider sangen ech net iwwer d’Beem an iwwer d’Villercher.”
Am November kënnt een éischten EP vu “Crinan Wood” eraus. Bei deem Projet gëtt d’Claudine Muno vum Batteur a Pianist Paul Fox a vum Bassist John Schlammes begleet.