Klassik-CD vun der Woch Confluences

Kann ee Mann e ganzen Orchester ersetzen? Den Organist Maurice Clement huet fir säin neien Disk Wierker aus der grousser romantescher Orchestermusek arrangéiert a mat vill Gefill agespillt.

Luc Boentges

Confluences

CD: Confluences

Label: Aeolus

Interpret: Maurice Clement

Wierker:

  • Richard Wagner: Vorspiel zu "Tristan und Isolde"
  • César Franck: Fantaisie en la
  • Samuel Rousseau: Fantaisie pour orgue, op. 73
  • Anton Bruckner: Symphonie Nr. 7 - Adagio
  • Franz Liszt: Am Grabe Richard Wagners
  • Franz Liszt: Funérailles
Interpretatioun:
Klangqualitéit:


Confluences - et geet ëm den Afloss vum Richard Wagner op aner Komponisten a Wierker. Dat éischt Stéck um Programm ass d'Virspill zu der Oper "Tristan und Isolde", eng Kompositioun déi d'Museksgeschicht wéi kaum eng aner beaflosst huet. Et ass en Orchesterwierk, dat nieft der Harmonik virun allem duerch seng raffinéiert Instrumentéierung a säi groussen dynameschen Opbau ervirstécht. Um Disk fënnt een dëst Virspill an engem Arrangement vum Maurice Clement, an deem hien dës Charakteristiken ervirbréngt. Dat selwecht gëllt fir d'Stéck am Mëttelpunkt vum Programm: den Adagio aus der siwenter Sinfonie vum Anton Bruckner.

Eng nei Uergel

Opgeholl gouf "Confluences" op der neier Uergel an der Dekanatskierch zu Dikrech. Mat sengen iwwer 3.000 Päifen a sengen 51 Regëster erlaabt d'Instrument dem Maurice Clement et, d'Feinheete vun der romantescher Instrumentatioun op der Uergel ze realiséieren. Duerch de permanente Wiessel vu Klangfaarwe geléngt et dem Organist, déi grouss Entwécklungen an de Stécker lues a lues bis zu groussen Héichpunkten opzebauen. Gekoppelt mam Drock, deen d'Uergel an den déiwen Noute produzéiert, beandrocken dës Passagen deelweis méi, wéi wann en Orchester se spillt.

En Zesummespill vu Klang an Interpretatioun

Dofir, datt dës Héichpunkten och um CD eriwwer kommen, suergt d'Klangqualitéit vun der Opnam. Weder huet een d'Gefill an der Mëtt vun der Uergel ze setzen, nach ze wäit ewech ze sinn. Och d'Präsenz vum Nohall ass perfekt doséiert: E gëtt der Uergel Volume, ouni datt d'Téin verschwammen. An dësen Nohall setzt de Maurice Clement ganz bewosst an. Besonnesch beim Franz Liszt sengem "Am Grabe Richard Wagners" fält op, datt hien deen als Phraséierungsmëttel notzt.

E grousse Bou

Deen eenzege Schwaachpunkt vun dësem Disk läit an der Natur vun den Arrangementer. Doduercher, datt een op der Uergel e ganzen Orchester ersetzt ass et onméiglech alleguerten d'Feinheeten ze realiséieren. Besonnesch bei esou bekannte Stécker wéi zum Beispill dem Virspill zu "Tristan und Isolde" fält dat op. Allerdéngs gëtt dat duerch de grousse musikalesch Bou, deen de Maurice Clement iwwer d'Stécker spaant zum Deel nees kompenséiert.

Méi zum Thema

Philharmonie 2018
Programmvirstellung

De radio 100,7 war bei der Programmvirstellung dobäi, huet mam Direkter Stephan Gehmacher iwwer déi nei Saison geschwat an huet e Bléck hannert d'Kulisse vun der Philharmonie geworf.

Caroline Goulding
Klassik-CD vun der Woch

De Mozart an de Korngold waren a ganz Europa als Wonnerkanner bekannt. D'Interpretatioun vun der jonker Geiistin Caroline Goulding iwwerzeegt duerch e liewegt, frëscht a faarwegt Spill.

CD vun der Woch Dvorak
Klassik-CD vun der Woch

De Marcus Bosch an d'Staatsphilharmonie Nürnberg schléissen hir Dvořák-Intégrale mat der zweeter Sinfonie vum tschechesche Komponist of. Eng Opnam, déi an allen Aspekter iwwerzeegt.

Gaillard
Klassik-CD vun der Woch

De Richard Strauss huet net vill fir Cello geschriwwen. Awer d'Wierker op dësem CD gehéieren zu deene beschten aus dem Repertoire fir dëst Instrument, fënnt déi bekannten Cellistin Ophélie Gaillard.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen