D'Corinna Niemeyer huet e Kontrakt fir véier Joer ënnerschriwwen an ass déi éischt Chefdirigentin bei engem vun de groussen Orchesteren zu Lëtzebuerg.
Déi däitsch Musekerin war am Februar Gaaschtdirigentin fir e Concert vum OCL am CAPE zu Ettelbréck. Zanter enger Rei Jore schafft d'Corinna Niemeyer mam François-Xavier Roth, Chef vum Orchester Les siècles zesummen a preparéiert am Ablack e Beethoven-Projet.
Mam Orchestre de Chambre du Luxembourg wëll d'Corinna Niemeyer an deenen nächste Joren nei Concertsformater entwéckelen, d'Musek bei de Public bréngen an den Orchester nach méi visible maachen - zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Den éischte Concert an hirer neier Funktioun beim OCL dirigéiert d'Corinna Niemeyer de 25. Abrëll 2021 an der Philharmonie.