D'Kollaboratioun tëschent verschiddene Museker ass dat wichtegst fir d'Initiateure vum Projet. "Fir all Session definéiere mir en Invité. Deen huet d'Hand iwwer de Programm vun där Session", seet de Pol Belardi. Den Invité géif zum Beispill definéieren, ob eege Stécker gespillt ginn, oder Reprisen, an ob aner Museker bei der Session géife matspillen.
D'Museker géife sech doheem ophuelen an déi Pisten un d'Ekipp vun de Crazy Quarantine Sessions schécken. "Well mir selwer Museker sinn, kënne mir och nach Saachen dobäi maachen", seet de Pol Belardi. Si géife sech dann ëm de Mix, de Montage vum Video an déi ganz Postproduktioun bekëmmeren. Toun a Bild sollten déi an der beschter Qualitéit sinn, "déi ënner dësen Ëmstänn méiglech ass".
Bei de Gäscht geet et vun Jazz-Museker, wéi dem Claire Parsons, iwwer Pop-Sänger, wéi dem Daniel Balthasar, bis bei Beatmakers, wéi de Corbi. Et wéilt ee sech ëm déi Musekerinnen a Museker bekëmmeren, déi vun der Kris betraff wieren, seet de Pit Dahm. "Am Fong si mir all am selwechte Boot." Dowéinst wier et hinne wichteg, verschidde Stiler ofzedecken.
Ausserdeem wier d'Audienz via Internet vill méi breet. "Bei eis kënnen och lo Kanner vun zéng Joer nokucken, déi net géifen owes an en Jazzclub goen."
Do It Yourself
Obwuel déi aktuell Situatioun fir vill Leit, déi am Kulturmilieu schaffen, schwiereg ass, hätt d'Initiativ si weiderbruecht, seet de Pol Belardi. Virun allem wat d'Produktioun vu Musek a Video oder d'Benotze vu Social Media ubelaangt, hätt ee vill vunenee geléiert. "Jiddweree schafft sech an déi verschidden Domainer eran", et wéilt ee sech géigesäiteg entlaaschten. "Lo wou dat wierklech rullt, ass dat fir eis fënnef quasi e Full Time Job", seet de Pit Dahm. Tëschent sechs an zwielef Stonne géif jiddwereen aus der Ekipp all Dag an de Projet investéieren.
Crazy Quarantine Sessions um radio 100,7 - samschdes um 19:00