Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Crystal Dream: En oppenen Zyklus"

Optakt

"Crystal Dream: En oppenen Zyklus"

"Crystal Dream" si Kompositioune vum Albena Petrovic-Vratchanska, interpretéiert vum Romain Nosbaum. De Presentatiouns-Concert vum Disque ass de Méindeg, 25. Januar um 20.00 Auer an der Philharmonie. Am 100,7-Interview schwätzt d'Komponistin vun engem "ganz rationale Wierk".

Guy Engels / fa

auto_stories

3 min

©Pierre Grandidier

En Titel ass ëmmer och Programm, de roude Fuedem vun enger CD-Produktioun. "Crystal Dream", dat éischt Wierk um neien Disque, ass souzesoen den Ausgangspunkt fir dat, wat duerno kënnt. Et ass eng Kompositioun aus dem Joer 2013, aus där sech déi folgend Wierker entwéckelt hunn – Wierker wéi "Burning Shadows". "Ech hu Burning Shadows fir de Francesco Schlimé geschriwwen. Et war eng Commande vum Festival Pianissimo zu Sofia", verzielt d’Komponistin.

"Mystery Dream", "Burning Shadows", "Just Shadows", "Hidden Letters": All déi Titele loosse sech mat der Dram-Welt, mam Imaginäre associéieren. "Dat schéngt effektiv esou", stellt d’Albena Petrovic-Vratchanska fest. Mee dat wier awer net bewosst geschitt. "Just Shadows" wier een Optrag vun enger bulgarescher Pianistin gewiescht an als Pendant vu "Burning Shadows" ze gesinn. "Eng Zort Fro- an Äntwert-Spill." 

All Dimensioune vum Piano

"Hidden Letters" ass eng Serie vu fënnef Miniature ronderëm den Numm Romeo. Et ass allerdéngs net dee Romeo, deen ee mengt, net dem Shakespeare seng tragesch-romantesch Figur. "Et ass e ganz rationaalt Wierk", erklärt d’Albena Petrovic-Vratchanska. D’Ufanksbuschtawe sinn eigentlech Synonym fir déi Nouten, déi d’Basis vun de fënnef kuerze Sätz sinn. Dee romantesche Romeo huet eigentlech eng ganz profan Demarche ausgeléist. D’Komponistin wiert sech awer dogéint eng falsch Spur geluecht ze hunn. "D’Spur ass net falsch. Leschten Enns ass d’Musek romantesch – mat rengen, kristalline Kläng."

D‘Albena Petrovic-Vratchanska exploréiert de Piano an all senge Klangdimensiounen. "Dat ass mäin Zil. A meng Recherchë gi weider." D’Instrument géif nämlech onendlech vill Méiglechkeete bidden: um Klavéier, am Piano, ënnert dem Instrument, an esouguer ronderëm d’Instrument, wou een d’Energie vum Piano spiere kéint.

Den idealen Interpret

Am November d’läscht Joer gouf "Crystal Dream" zu Sofia fir de Label Gega enregistréiert. Interpret um Piano ass de Romain Nosbaum, dee fir seng CDen "Romain Nosbaum" a "Colors" déi bescht Kritike krut. "Ech hunn en virdrun net perséinlech kannt", gesteet Albena Petrovic-Vratchanska. "Seng Personalitéit, seng Musikalitéit hu mech iwwerzeegt. Et huet een Interpret misse sinn, deen aus den eenzelne Wierker ee Ganzt mécht."

De Romain Nosbaum wollt keng Opname vun deenen eenzelne Kompositiounen héieren. E wollt keen à priori hunn an eng eege Lecture maachen. D'Albena Petrovic-Vratchanska fënnt hie géing "eppes Neies" bréngen. 

Ob "Crystal Dream" dann en ofgeschlossenen Zyklus wier? "Déi Fro hunn ech mer nach net gestallt." D’Komponistin gesäit et awer éischter als eng oppe Geschicht. "Ech sinn nämlech amgaangen, dräi nei Wierker fir de Piano ze schreiwen."

Den Interview vum Guy Engels mam Albena Petrovic-Vratchanska:

 

D’Albena Petrovic-Vratchanska lieft a schafft zanter 1996 zu Lëtzebuerg. No hire Studien op der Museksakademie zu Sofia huet se allerdéngs an hirer bulgarescher Heemecht keng Zukunft gesinn – op d’mannst net als Komponistin. De Claude Lenners, Professer fir Kompositioun am Stater Conservatoire, war der d’Albena Petrovic-Vratchanska hire Mentor. "Wann de Piano rose" gëtt a "Blaues Labyrinth" sinn déi Wierker, mat deenen d’Komponistin sech duerchgesat huet.