Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'A vun der Philharmonie

Hanner de Kulissen

D'A vun der Philharmonie

Et ass duerch en Zoufall, datt den Alfonso Salgueiro Fotograf vun der Philharmonie ginn ass. Viru ronn siwe Joer kruten hien a seng Duechter Tickete fir e Kannerconcert geschenkt. Et war eng Zäit, wou hien esou zimlech alles fotograféiert huet, wat him iwwer de Wee gelaf ass. Dofir hat hien och beim Concert seng Kamera dobäi, wou hien spontan gefrot gouf, fir d'Opféierung a Biller fest ze halen. D'Resultat schéngt iwwerzeegt ze hunn, well mëttlerweil sinn déi meescht Fotoen aus der Philharmonie, déi een an der Press oder am Internet gesäit, vun him.

auto_stories

3 min

Den Alfonso Salguiero Lora ass duerch Zoufall bei der Philharmonie gelant.

Am grousse Sall vun der Philharmonie ass den Alfonso Salgueiro nëmme seelen ze gesinn. Fir bei engem Concert mat klassescher Musek net ze stéieren, steet hien an engem Raum nieft der Bühn, a mécht seng Fotoen duerch eng Fënster. Deementspriechend ass d'Beweegungsfräiheet ageschränkt. Fir Ofwiesslung an d'Fotoen ze kréie misst ee seng Imaginatioun spille loossen. Hie géif sech beweegen, d'Perspektiv veränneren an och mat verschiddenen Technike schaffen, fir ëmmer erëm nei Bléckwénkelen op dat, wat op der Bühn geschitt, ze fannen. E groussen Deel vu senger Aarbecht besteet dobäi aus Gedold.

"Et sinn d'Gefiller, déi d'Museker während hirem Optrëtt hunn, déi ech afänke wëll. An dofir muss ee ganz gutt oppassen an op dës Momenter waarden, well d'Zäit immens séier vergeet. Et muss ee permanent duerch d'Kamera kucken, fir op kee Fall esou e spezielle Moment ze verpassen."

Och wann den OPL e Film musikalesch ënnermoolt, dierf een de richtege Moment net verpassen (Foto: Alfonso Salgueiro)

Expressivitéit hëlleft

Net all Museker léisst sech gutt fotograféieren. Verschidde Pianiste géife sech zum Beispill guer net beweegen a just no ënnen op d'Tastatur kucken. Anerer sinn do dogéint immens expressiv a beweege sech mat der Musek. Dat selwecht géif och bei Dirigente gëllen.

"Mir hunn d'Chance de Gustavo Gimeno ze hunn. Hien huet eng Aart a Weis ze dirigéieren déi mécht, datt de Publikum, an och ech hanner der Fënster d'Gefill hunn, eppes Besonnesches ze erliewen."

Gustavo Gimeno, Chefdirigent vum OPL (Foto: Alfonso Salgueiro)

Ongeféier 60 bis 80 Fotoe pro Concert

Wéi vill Fotoe während engem Concert entstinn, géif vun der Musek ofhänken. Bei der klassescher Musek kënnt et éischter op d'Gedold un. Wat d'Musek méi intensiv gëtt, desto méi expressiv géifen d'Fotoe ginn. Dofir bräicht een net immens vill Fotoen ze maachen, mee et misst een op de richtegen Ament waarden. E grousse Virdeel dobäi wier och, datt d'Beliichtung vun der Bühn bei klassesche Concerten net variéiere géif. D'Grondastellung vun der Kamera bräicht een dofir net ze veränneren. Bei dëse Bedingunge géif den Alfonso Salgueiro 60 bis 80 Fotoe maachen. Nom Concert mécht hien da seng Selektioun.

Wann et méi modern Musek wier, da géif et méi komplizéiert ginn, well op der Bühn gedanzt gëtt, d'Museker sech méi beweegen an d'Luucht sech permanent verännert. An deem Fall géif hie bis zu 400 Fotoe pro Concert maachen.

D'Erausfuerderung mécht et besonnesch

Den Alfonso Salgueiro stellt sech gären der Erausfuerderung vu Concerte mat moderner Musek. Hei sinn d'Uspréch u seng technesch Fäegkeeten e gutt Stéck méi héich.

"Wann et mir trotzdeem geléngt, eng schéi Foto ze maachen, sinn ech frou. Viru Kuerzem hat ech zum Beispill d'Geleeënheet, Fotoe bei engem Concert vun der Fatoumata Diawara ze maachen. An dat war wierklech super. D'Ambiance war genial, jiddwereen huet gedanzt. Dat kënnt net oft hei an der Philharmonie vir. Dat war wierklech besonnesch. An do ass et mir gelongen e puer Fotoen ze maachen, déi mir gutt gefalen."

Fatoumata Diawara (Foto: Alfonso Salgueiro)


Philharmonie reflections (Foto: Alfonso Salgueiro)


Philharmonie at dusk (Foto: Alfonso Salgueiro)