Radioen

On air

De Moien  |  Elvis Costello & The Attractions - (What's So Funny 'Bout) Love Peace And Understanding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Blockflütt: Méi wéi just e Schoulinstrument

Musek

D'Blockflütt: Méi wéi just e Schoulinstrument

Déi meescht kennen d'Blockflütt aus der Schoul: Et ass en Instrument op deem een Noute léiert an e puer Melodien astudéiere kann. Datt awer vill méi domadder méiglech ass, weist d'Blockflüttistin Lea Sobbe.

auto_stories

3 min

Lea Sobbe, Studentin op der Schola Cantorum Basiliensis

Wann een un d'Blockflütt denkt, denkt een heefeg u Musekscoursen zréck an deenen ee méi oder manner gutt probéiert huet e puer Melodien ze spillen, ouni datt et ze vill quiitscht. Dobäi denkt een un déi kleng Blockflütt, déi ee fir e puer Euro kafe kann. Wann ee Blockflütt studéiert, geet dat Instrument allerdéngs net méi duer: Blockflütte ginn et der nämlech eng ganz Partie. Lass geet et ganz uewe bei der Garkleinblockflütt a ganz ënnen op der Palette ass d'Sub-Kontrabass-Blockflütt.

Als Blockflütt-Studentin misst een déi ganz Famill spille kënnen, esou d'Lea Sobbe. Mä domadder géing et nach net duer goen: Jee no Epoche géing et nämlech nach grouss Ënnerscheeder tëschent de Flütte ginn. Ee Stéck aus der Renaissance misst ee mat enger anerer Flütt spillen, wéi eent aus dem Barock. Déi Flütte gesinn net nëmmen anescht aus, mä et bräicht een och ganz aner Grëffer, fir drop ze spillen. Fir de Recital bedeit dat, datt d'Lea Sobbe e ganzt Arsenal u Flütte matbrénge muss. D'Präisser fir déi eenzel Instrumenter leien deelweis bei 3.000 Euro.

D'Blockflütt, e beléift Instrument

Grad an Däitschland géing et ganz vill Museker ginn, déi Blockflütt studéieren. Zemools an de leschte Joerzéngte wieren der eng ganz Partie derbäi komm. Ënnert anerem géing dat mam bekannten hollännesche Flüttist Frans Brüggen zesummenhänken, deen der vill dozou inspiréiert hätt dëst Instrument ze léieren.

Well d'Blockflütt jo keen Orchesterinstrument wier, wären d'Plaze, wou een als Blockflüttist schaffe kéint, begrenzt. Souguer am Barock-Orchester wier se nëmme seele vertrueden. Dem Lea Sobbe no misst een dofir scho ganz fréi ufänken, selwer Projeten z'initiéieren, fir sech an der Zeen z'etabléieren.

Ëmschreiwen: Deel vum Beruff

Am Kader vum Zyklus Tremplin, wou jonke Kënschtler d'Méiglechkeet gebuede gëtt hiert d'Talent ënner Beweis ze stellen, trëtt d'Lea Sobbe den 28. Mäerz an der Abtei Neimënster op. Do steet dann och e Barockstéck fir Gei um Programm, dat d'Lea Sobbe fir Blockflütt ëmgeschriwwen huet. Dat wier awer net onüblech: Schonn deemools hätte sech Blockflüttiste Wierker fir hiert Instrument ëmgeschriwwen.

Souwisou kéint ee Barock-Stécker net eent zu eent esou spillen, wéi et an den Noute steet. Doduercher, datt Museker deemools dacks gläichzäiteg Interpret a Komponist waren, hätte si genee gewosst, op wéi enge Plazen een e bësse méi fräi spillen, an eege melodesch Figuren asetze kéint. Well déi Regelen allgemeng bekannt waren, goufe se net an de Partituren néier geschriwwen.

No historesche Quelle sichen

Wann een ee Stéck aus dem Barock wéilt spillen, misst een dofir immens vill selwer rekonstruéieren. Well een natierlech net op Opnamen zréckgräife kéint, misst ee sech op d'Sich an Traktater maache fir erauszefannen, wéi d'Stécker deemools gespillt goufen.

Ee Glécksfall sinn dem Georg Philipp Telemann (1681-1767) seng methodesch Sonaten. Deemools hätt de Komponist dës Stécker geschriwwen, fir anere Museker bäizebréngen, wéi ee seng Musek spillt. Nodeems een all déi historesch Quelle consultéiert huet, misst ee sech dann, an engem zweete Schrëtt, nees e bëssen dovunner léisen. Fir d'Stéck aus der eegener Perspektiv kënnen ze spillen, misst ee fräi mam Material kënnen ëmgoen.

Interview mam Lea Sobbeplay_arrow