Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rainy Days: Catherine Kontz ass nei Directrice

Festival Rainy Days

Rainy Days: Catherine Kontz ass nei Directrice

De Festival Rainy Days fir zäitgenëssesch Musek kritt 2023 eng nei Directrice. D'Komponistin Catherine Kontz iwwerhëlt d'Successioun vun der Lydia Rilling, déi Intendantin vun den Donaueschinger Musiktage gëtt.

auto_stories

1 min

No hire Studien am Stater Conservatoire ass d'Catherine Kontz op London gaangen, wou sie haut och lieft. D'Komponistin huet op der University of London promovéiert an enseignéiert um Royal College of London, ass awer reegelméisseg zu Lëtzebuerg, fir musikalesch Projeten ze realiséieren.

Fir Esch2022 huet d'Catherine Kontz engersäits e Soundwalk duerch d'Minettemetropol konzipéiert - "Wou d'Uelzecht" - anerersäits och e grousst Wierk fir Chouer an Orchester geschriwwen - "Voix des Terres rouges" - dat de 17. Juni 2022 uropgefouert gouf.

Mam Festival Rainy Days huet d'Catherine Kontz enk Relatiounen. Si ass mat hire Wierker ëmmer nees present am Programm, fir d'lescht 2021 mat "Driwwer, drënner, drop" - eng Klangwanderung duerch d'Faubourge laanscht d'Uelzecht an Zesummenaarbecht mat der UGDA.

De Festival Rainy Days 2022 (15. bis 27.11.), bei deem de radio 100,7 Mediepartner ass, leeft ënner dem Theema "The Sound Laboratory". D'Programmatioun huet déi aktuell Directrice Lydia Rilling gemaach.